Fondation de Luxembourg
Alain Kinsch ersetzt den Henri Grethen un der Spëtzt

An enger vun de wichtegen Institutiounen hei am Land, der Fondation de Luxembourg, kënnt et zu engem Changement.
No 10 Joer un der Spëtzt gëtt den Ex-DP-Minister Henri Grethen duerch den Alain Kinsch ersat.
De President vun der Bourse an Vize-President am Staatsrot seet sech geéiert, iwwert seng nei Chargen a wëll aus dem Grand-Duché eng privilegiéiert Destinatioun fir Philanthropen aus der ganzer Welt maachen.
D'Fondation de Luxembourg stoung an de leschten 16 Joer iwwer engen 120 eenzel Fondatiounen.
Am meeschte gelies