De José Balanzategui gouf vum Regierungsot nominéiert, nodeems hie vun der Santés- a Sozialministesch Martine Deprez proposéiert gi war.

Den Här Balanzategui schafft zënter 1998 bei der CNS a war zënter 2012 "Premier Conseiller de Direction". Hie war 2018 och wärend engem Mount President faisant fonction vun der Gesondheetskeess.

Viru senger Karriär an der Fonction Publique huet de studéierten Ekonomist ënner anerem bei der EU-Kommissioun geschafft.

De José Balanzategui iwwerhëlt seng nei Charge vum Christian Oberlé net an einfachen Zäiten. Déi finanziell Reserve vun der CNS si geschwënn opgebraucht an op der nächster Quadripartite soll gekuckt ginn, wéi d'Gesondheetskeess ka finanziell nei opgestallt ginn.

  • Rectificatif: An eiser Push-Noriicht hate mir iertemlecherweis Pascal amplaz vu Christian Oberlé geschriwwen. Mir bieden, dëse Feeler z'entschëllegen.