Zejoert gouf et 6.459 Gebuerten, 2.567 Bestietnisser an 1.197 Scheedungen

© Maxime GONZALES (Archivbild)
E Freideg huet de Statec eng Rei nei Statistiken a senger neier Editioun "Lëtzebuerg a Chifferen 2025" publizéiert.
Zejoert si ronn 6.500 Kanner zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Et gouf iwwer 2.500 Bestietnisser a knapp 1.200 Scheedungen. D’Fraen hunn an der Moyenne 31,4 Joer, wa se hiert éischt Kand kréien. Ronn 33% vun de Leit si Jonggesell. 47% si bestuet an eppes méi wéi 5% gepacst. Dat si Statistiken, déi de Statec an der neier Editioun "Lëtzebuerg a Chifferen 2025" publizéiert huet. Knapp 16% vun der Populatioun hu manner wéi 15 Joer, ronn 15% sinn iwwer 65 Joer al.
D'Median-Akommes läit bei 4.233 Euro, dat heescht, d’Hallschent vun den Erwuessene verdéngt manner wéi dee Montant an d’Hallschent méi. Am Futtball si mat iwwer 46.000 déi meeschte Leit lizenzéiert. Bal 445.000 Privat-Autoe sinn dann hei am Land ugemellt, bei 265.000 Stéit. Eng 32.000 dovunner sinn elektresch a bal 58.000 hybrid.