"E Remboursement fir d’Osteopathie ass déi nächst Joren net ze erwaarden"
De Beruff vum Osteopath ass nach "relativ" nei. An awer zielt Lëtzebuerg mëttlerweil 397 Osteopathen.
Den Agenda vum Osteopath Jean Bofferding ass gutt gefëllt. Och wann d’Gesondheetskeess d’Seancen net rembourséiert, huet d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger sech scho mol vun engem Osteopath behandele gelooss.
"Ech mengen, e Remboursement fir d’Osteopathie ass déi nächst Joren net ze erwaarden. Do ginn et nach verschidde Problemer", erkläert de Jean Bofferding, President vun der Association Luxembourgeoise des Ostépathes.
An dës sinn dräifalteg: Et sinn administrativ a juristesch Hürden. Vun engem neie Gesetz fir d’Osteopathie bis zum ännere vun de Statute bei der Securité Sociale. Dobäi kënnt, datt e Generalist aktuell net wëll un en Osteo iwwerweisen. Dat wier souwisou de falsche Wee, fënnt de Jean Bofferding.
"An eiser Formatioun, déi e Master-Niveau huet – do si mer geléiert ginn en osteopatheschen Diagnostik ze maachen. Dat heescht mat eisen Hänn spiere mer, wou d’Blockagen an d’Spannunge sinn. Virdrun hu mer eng korrekt Analys vum Patient gemaach: wat seng Antecedante sinn, wéi säi Gesondheetszoustand ass. An op Basis dovunner wësse mer och, ob mer traitéieren. Wann eppes net kloer ass, da schaffe mer complementaire mat Generalisten an anere Spezialisten."
De Beruff vum Osteopath ass nach "relativ" nei. An awer zielt Lëtzebuerg mëttlerweil 397 Osteopathen. Eng Zuel, déi souguer d’Federatioun rezent iwwerrascht huet. Zanter 2018 ass de Beruff zu Lëtzebuerg unerkannt, ma d’Präisser an d’Qualitéit variéieren.
"Mir hätte gären, datt den Titel als Osteopath protegéiert gëtt. Datt net jiddereen den Titel kann huelen. Dat heescht pertinent an adequat Formatioun muss do sinn. Wéi de Master dee virgeschriwwen ass. Déi verschidde Formatiounen am Ausland sinn awer och net iwwerall déi nämmlecht."
An do misst op EU-Niveau dru geschafft ginn. Vum Gesondheetsministère soll déi nächst Joren eng nei Definitioun vun de jeeweilegen Aufgabe vum Osteo festgeluecht a reglementéiert ginn. Hei hofft een op en neie Statut, deen et och erméiglecht, a Spideeler oder Altersheemer dierfen ze praktizéieren.