Bal 14 Prozent méi Schüler am Lycée wéi nach 2019/20

© Envato Drazenphoto
D'Schoulpopulatioun am Land geet weider an d'Luucht: d'nächst Woch ginn eng 118.000 Jonker a Grondschoulen a Lycéeën, wann d'Summer-Vakanz op en Enn geet.
Fir dat neit Schouljoer gi knapp 63.435 Kanner an d'Grondschoul. Dat sinn der gutt 10,45 Prozent méi wéi am Schouljoer 2019/20.
Am Lycée mécht de privaten Enseignement mëttlerweil iwwer 23 Prozent aus. Gutt 54.610 Schüler wäerte vun nächster Woch un d'Schoulbänk am Secondaire drécken, also gutt 13,9 Prozent méi wéi nach virun enger hallwer Dose Joren. Mat 2.148 Schüler sinn déi meescht am Lycée Technique du Centre ageschriwwen.
Am Fondamental sëtze gutt 5.641 Léierinnen a Schoulmeeschteren hannert de Pulter, sou wéi ronn 800 Chargéen. 80,9 Prozent si weiblech, 86,5 Prozent si Fonctionnaire.
Am Secondaire maachen d'Fonctionnairen zwee Drëttel vun den Enseignanten aus. Där gëtt et am Ganze 4.049. Och do enseignéiere mat 55,6 Prozent majoritär Fraen. Dës Prezisioune liwwert den Educatiounsministère en Dënschdeg an engem Schreiwes.
An de konventionéierten Accueils- an Educatiouns-Strukture goufen et op den 31. Dezember iwwerdeems 51.681 Plazen an domat 5,5 Prozent méi wéi d'Joer virdrun. Am net-konventionéierte Secteur waren et der 17.905. Dat bedeit am Joresverglach e Plus vun 2,3 Prozent.