Wéi de Klimawandel d'Statistiken aus dem Gläichgewiicht bréngt
"Mir sinn nach mat engem bloen Aen dovukomm", dat sot de Wëssenschaftler. Mir hu mat him iwwer éischt Conclusiounen an d’Erausfuerderunge geschwat.
An der Nuecht vum 8. op de 9. September ass iwwer Deeler vum Land vill Ree gefall. Zum Deel an enger Intensitéit, déi d'Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) als "aussergewéinlech" beschreiwen.
Besonnesch am Raum Miersch goufe Wäerter gemooss, déi wäit iwwer dat erausginn, wat an de Reen-Donnéeë bis elo gesinn huet.

Verglach Reen deen am Juli 2021 (lénks) gefall ass an am September 2025 (riests)
"Dat sinn déi Deeg, wou mer erausfueren", seet den Hydrolog Laurent Pfister. Seng Ekippe ware séier op der Plaz, fir den Offloss an de Flëss an de Baachen ze iwwerwaachen: "Well esou Evenementer si seelen an dofir immens wäertvoll fir d’Fuerschung."
Aner Viraussetzunge wéi beim Héichwaasser am Joer 2021
Direkt vergläichbar mam Juli 2021, wou Lëtzebuerg vun engem schlëmmen Héichwaasser getraff war, sinn d'Evenementer vun dëser Woch net.
"D'Bedéngunge ware ganz anescht", erkläert de Laurent Pfister. "Viru véier Joer hat et scho laang a vill gereent, de Buedem war saturéiert. Dës Kéier war dat net esou, an dat huet dozou gefouert, dass d’Konsequenzen net esou schlëmm waren, wéi se hätte kënne sinn."
Ville Ree virun allem iwwer dem Uelzechtdall
Besonnesch interessant war d?Verdeelung vum Néierschlag.

Reen dee bannent 24 Stonnen zu Biereng gefall ass. / © RTL Grafik / LIST
"De Gros vum Reen ass genee iwwert der Uelzecht selwer erofkomm", esou de Fuerscher. Et sinn awer éischter kleng Flëss a Baachen, déi normalerweis déi grouss Héichwaasserwelle verursaachen. Well déi awer dës Kéier manner betraff waren, ass och d'Uelzecht selwer nach "mat engem bloen A" dovukomm.
Renaturéierungen erméiglechen eng Zort "Puffer"
Eng aner wichteg Roll hunn déi lafend an ofgeschlosse Renaturéierunge gespillt.
"Eng Renaturéierung ass immens wichteg, well si dem Floss erëm Plaz gëtt, sech auszedeenen. Sou kann en Deel vum Waasser tëschegelagert ginn an da lues oflafen", erkläert de Laurent Pfister.
Dat géif verhënneren, datt sech Waasser ze séier konzentréiert a Schied verursaacht. Awer och hei gëtt et Limitten: "Bei sou Intensitéite wéi gëschter, kënnt all Moossnam iergendwann un hir Grenze."
"All Evenement huet seng eege Charakteristiken"
Fir de LIST ass et zentral, esou Donnéeën ze sammelen an ze analyséieren. Dat mécht een zum Deel am Optrag vun der Waasserverwaltung.
"Et gëtt keen Héichwaasser, wat d'selwecht ass wéi en anert", seet de Laurent Pfister. "All Evenement huet seng eege Charakteristiken: Wéi vill huet et virdru gereent? Op wéi engem Deel vum Gebitt koum de Reen erof? Wat fir eng Geologie ass dorënner? Dat ze verstoen hëlleft eis, d’Modeller fir Prognosen ze verbesseren."
Klimawandel an déi "nei Normalitéit"
Besonnesch schwiereg gëtt et am Kontext vum Klimawandel. D'Statistiken iwwer sougenannte "Rückkehrperioden", also wéi dacks en Héichwaasser vun enger gewësser Gréisst optrëtt, wiere permanent amgaang sech ze veränneren.
"En Héichwaasser, wat virun 20 Joer eng Period de retour vu 50 Joer hat, kann haut vläicht schonn all 30 Joer virkommen", warnt de Fuerscher.
Dat huet Konsequenze fir Investissementer an de Schutz géint Héichwaasser, awer och op beispillsweis en Impakt op d'Fro, wou kann een an Zukunft nach sécher bauen.
Fir de Laurent Pfister ass kloer: "Mir gesinn ëmmer méi Evenementer, déi méi typesch ginn."
An den nächste Jore wier mir mat enger "neier Normalitéit" konfrontéiert.