Een Haaptverdächtegen am Kader vu Bedruchsfäll-Serie festgeholl
Zanter e puer Wochen ermëttelt Police intensiv am Kader vun enger Bedruchsserie, déi sech geziilt géint eeler Leit riicht.
Wéi d'Police schreift, géing et speziell ëm eng Arnaque goen, bei där d'Täter sech als Mataarbechter vun der Post oder vu Liwwerdéngschter ausginn, fir esou un d'Bancomatskaarten an d'Bankdonnéeë vun de Leit ze kommen.
Am Kader vun den Ermëttlungen ass et der Police en Donneschdeg gelongen, zu Clierf e Mann festzehuelen, deen op Uerder vum Parquet och verhaft gouf. Hie steet am Verdacht Member vun engem Grupp ze sinn, déi zanter Woche scho bei eelere Leit schellen a virginn, Mataarbechter vun engem Liwwerdéngscht ze sinn. Iwwer deen Trick ass et hinne gelongen, d'Donnéeë vu Kreditkaarten ze sammelen, iwwer déi da Suen ofgehuewe goufen.
Am Kader vun engem Ermëttlungsverfare vum Dikrecher Parquet goufen ënnert anerem "Mandat d'ameneren" géint e puer Verdächteger ausgestallt - also Uerdere vum Untersuchungsriichter, eng Persoun virféieren ze loossen. An deem Kontext gouf den Departement "Répression Grand Baditisme Nord" vun der Police judiciaire mat den Ermëttlungen zu 11 esou Fäll beoptraagt. De Mann, deen elo verhaft gouf, gëllt als Haaptverdächtegen.
Et geet een dovun aus, datt d'Zuel vun den Uschëllegunge géint hien am Laf vun der weiderer Enquête nach dierft klammen.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'Présomption d'innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.