Wann de Roman Mozgovyi duerch d'Natur geet, gesäit hie vill méi, wéi vläicht déi meeschte Leit.

Hien huet Ëmwelt- a Computerwëssenschafte studéiert a weess, wéi déi meeschte Planzen heeschen a wat se fir Eegenschaften hunn.

Virun zwee Joer ass hie mat senger Fra aus der Ukrain virum Krich op Lëtzebuerg geflücht. A sengem Beräich huet hie keng Aarbecht fonnt, well hien déi gängeg Sproochen aus dem Grand-Duché net schwätzt. Hie léiert aktuell Englesch a Franséisch. An Tëschenzäit huet hien eng Aarbecht als Gäertner ugeholl a war bei ville Privatleit am Gaart. Wat hien do gesinn huet, huet hien iwwerrascht.

A ville Gäert hätt hie gëfteg oder invasiv Planze fonnt. Virun allem war hien iwwerrascht, dass déi meescht Leit net Bescheed wossten, wat fir Planze si an hire Gäert haten. D'Leit wiere souguer éischter erstaunt gewiescht, wann hie si drop opmierksam gemaach huet, dass et sech bei de vermeintlech schéine Blummen ëm gëfteg Zorten handelt. 
Hie selwer ass faszinéiert vu Planzen, och vu gëftegen. D’Planze wieren net de Probleem, mee hien ass der Meenung, dass d'Leit méi iwwert si wësse sollten. Well Wësse schützt.

Dofir huet de Roman Mozgovyi sech entscheet, ee Buch ze schreiwen. Un "Dangerous Neigbours: Poisonous and Aggressive Plants of Luxembourg" huet hie bësse méi wéi ee Joer geschafft. All d'Planzen, déi hien do beschreift a virstellt, huet hie selwer zu Lëtzebuerg fonnt. Deemnächst plangt hien och ee Kannerbuch, wou hien déi verschidde Gëft- an Notzplanze virstellt.