Et brauch méi politesche Courage, esou d'FEDAS

© AFP (Archiv)
D'Federatioun vun den Acteuren aus dem Sozialsecteur fuerdert méi politesche Courage, fir géint de Phänomen vu Leit op der Strooss virzegoen.
Dee géif leider ëmmer méi zouhuelen.
An engem soziale Plädoyer, enger Zort oppenem Bréif, schwätzt d’FEDAS vun tëscht 600 an 2.000 Sans-abrien den Ament hei am Land. Zuelen, déi och duerch den Accueil vun der leschter Wanteraktioun beluecht wieren.
De soziale Secteur géif riskéieren eng Well vun Sans-abrisme missen ze geréieren, wéi ee se bis ewell nach ni kannt hätt. Dofir wier et un der Regierung entgéint ze steieren.
Virop mat Urgence-Strukturen fir de Concernéierten en Ënnerdaach ze bidden. Do sollten och d’Gemengen méi responsabiliséiert ginn, a jiddereen deen eng Wunneng zur Verfügung hätt, sief et Privatpersoun oder ekonomeschen Acteur, misst och aktiv ginn, fuerdert d’FEDAS.