Maniff soll op d'Situatioun vun de Palästinenser opmierksam maachen

© Marc Hoscheid
D'Organisateure spueren net mat Kritik un Israel a fuerdere konkret Aktioune vun der Lëtzebuerger Regierung.
"GLOBAL MARCH FOR PALESTINE", ënnert deem Motto solle sech e Sonndeg nom Wëlle vun den Organisateuren esou vill Leit wéi méiglech versammelen. Zur Maniff opgeruff huet déi sougenannt Lëtzebuerger Koalitioun fir Palästina, dat ass een Zesummeschloss vun iwwer 40 Organisatiounen, Uniounen a Gruppen aus der Zivilgesellschaft. Dozou gehéiert och Amnesty International Lëtzebuerg. De Generaldirekter David Pereira erkläert d'Motivatioun, fir déi Maniff ze organiséieren:
"Mir hunn hei niewendrun ee Genozid, dee stattfënnt. Wat maache mir? Wéi kënne mir trotzdeem mat engem gudde Gewësse weiderliewen? Wiere mir an hirer Plaz, wéi wéilte mir, datt d'Welt soll reagéieren? Well d'Palästinenser wëllen och dat bleiwen, wat se sinn."
Wärend der Pressekonferenz am Cercle de Coopération huet d'Caroline Willemen vu Médecins Sans Frontières, déi réischt virun zwou Wochen aus der Gazasträif zeréckkomm ass, hier Andréck vun der Plaz gedeelt. Ënnerernierung wier ee massive Problem, virun allem bei Kanner a schwangere Fraen. Si hätt och matkritt, datt op Kanner geschoss gouf. Zum Schluss hätt een an där Klinik, an där si a Gaza-City geschafft huet, 600 Patiente pro Dag gesinn. Dozou kéimen der 200, déi een all Dag hätt misse fortschécken, well d'Kapazitéiten net duergaange sinn.
De President vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, Jules Barthel, huet sengersäits den israeeleschen Ëmgank mat Journaliste kritiséiert. Zanter Oktober 2023 wiere méi wéi 220 Journalisten a Fotografe vun der israeelescher Arméi ëmbruecht ginn.
"Toutes ces attaques ne peuvent être considérées comme des dommages collatéraux, mais elles s'inscrivent dans une stratégie bien définie: faire taire les témoins, étouffer les voix et empêcher que la vérité ne sorte de Gaza. Où est la solidarité des médias, où sont les protestations des journalistes du monde entier et du Luxembourg en particulier?"
An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg eiser Zäit gouf bei de Vereenten Natiounen zu New York iwwert d'Situatioun am Noen Osten diskutéiert. Wärend der Sëtzung hu sechs weider Länner Palästina als Staat unerkannt, dorënner och Lëtzebuerg. Dee Schratt gouf zwar als wichtegt Zeeche begréisst, mee e géif awer net duergoen. No de Wierder missten elo konkret Aktiounen nokommen. Dat ëmsou méi, well dem israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu seng Positioun nach méi radikal gi wier, esou d'Dalia Khader vu collectives4palestine:
"Déi Lëtzebuergesch Unerkennung zesumme mat der Unerkennung duerch aner westlech Länner huet den Netanjahu dozou bruecht, nach méi haart ze soen, datt et ni ee palestinensesche Staat wäert ginn. D'Sprooch vum Genozid ass also nach méi staark wéi jee virdrun an d'Intentioun vun der israeelescher Regierung ass kloer."
D'Lëtzebuerger Koalitioun fir Palästina fuerdert een direkte Waffestëllstand. Fir de Fridden ze garantéieren, sollt d'UNO Zaldoten an d'Gazasträif schécken. Lëtzebuerg gëtt dann opgeruff, diplomatesch a mat Hëllef vu Sanktiounen och wirtschaftlech Drock op Israel ze maachen.
De "GLOBAL MARCH FOR PALESTINE" gëtt wéi gesot e Sonndeg organiséiert. D'Maniff ass op der Place de l'Europe um Kierchbierg a fänkt um 3 Auer mëttes un. D'Participante solle sech rout undoen, fir esou dem Virgoe vun der israeelescher Arméi a Gaza symbolesch déi rout Kaart ze weisen.