Ëm d'Zukunft vum Shopping goung et en Dënschdeg an der Luxexpo um Kierchbierg. D’Luxembourg Confederation hat zesumme mat Partner op deen Event invitéiert.

Wéi shoppe mer an Zukunft? De Reportage vum Carine Lemmer

De Visionär Peter Hinssen an de Futurolog Magnus Lindkvist hunn an d’Zukunft vum Commerce gekuckt. Den zwee internationalen Experten no muss den Eenzelhandel sech op eng konstant Verännerung astellen, op en Op an Of. Dat géif de meeschte Leit Angscht maachen, mä et misst een et als "Chance" gesinn, mengt de Peter Hinssen. Dräi Saache si senger Meenung no fir de Commerce an der Zukunft wichteg:
 
"Et muss ee virauskucken. Et muss ee verstoen, wéi d'Zukunft ausgesäit. Et muss ee flénk sinn a méi flexibel wéi bis ewell. A Punkt dräi: et muss ee resilient sinn, well et wäert een net alles richteg maachen. Heiansdo schléit een e falsche Wee an, da muss ee sech nees nei orientéieren. Mä dës Kombinatioun aus virauskucken, flénk sinn a widderstandsfäeg, soll menger Meenung no am Mëttelpunkt vun all Commerce-Strategie stoen."
 
Am Commerce géif awer ëmmer e romanteschen, perséinlechen Deel bleiwen, och online, an och wa villes ännert, analyséiert dann de Futurolog Magnus Lindkvist. De Mënsch, de Client wär awer "restless" a géif no "Neiem" sichen.
 
"Mir sichen net no Perfektioun, mir sichen no deem 'Nächsten'. Mir sichen no eppes, wat anescht ass. Wann alles schwaarz ass, siche mer no der Faarf. Oder ëmgedréit. Historesch war den Eenzelhandel ëmmer ganz gutt do dran."
 
Den Zukunftsfuerscher Lindkvist erwaart vum Handel, datt en net stoe bleift a sech eppes Neies afale léisst. D'Geschäfter kéinten andauernd op hunn - dat wär da sou wéi online - oder de Buttek kéint eppes si wéi en exklusiven "Night-Club", dee just heiansdo op huet.
 
"...wou ee just fir e puer Deeg d’Joer exklusiv op huet a wou et schwéier ass, eran ze kommen. Mir schwätzen hei iwwer d’Zukunft vum Eenzelhandel an net doriwwer, ob d’Butteker zu Lëtzebuerg solle sonndes op hunn oder net. Ech gleewen drun, datt an Zukunft méi Geschäfter wéi e "Club" funktionéieren. An déi wichtegst Fro fir den Eenzelhändler kéint da sinn: wéi bréngen ech d'Leit derzou, ze bezuelen, fir, datt se a mäi Buttek kommen?"
 
D’Shopping-Experienz steet ëmmer méi am Vierdergrond. An déi vill Méiglechkeeten, déi een haut huet, gi warscheinlech och an Zukunft net manner.

Mä lo emol Hand op d‘Häerz: Shoppt Dir just nach online? Oder gitt Dir awer nach léiwer selwer an e Buttek?

Aus der Siicht vun de Geschäftsleit ass d'Fro séier beäntwert: ëmmer méi Clientë verlaangen och eng digital Offer, souguer wa se gär an e Buttek ginn. Dat ass och ee vun de ville Constate vun der grousser Konferenz an der Luxexpo iwwer d'Zukunft vum Commerce.
 
RTL huet och bei zwee Patronen nogefrot, déi analog Produite verkafen. An Cybersécherheet dierf och net vernoléissegt ginn, ewéi de President vun der Luxembourg Retail Federation Robert Goeres wärend sengem Discours op der Konferenz kloer gemaach huet.

D'Zukunft vum Commerce
  D’Shopping-Experienz steet ëmmer méi am Vierdergrond. An déi vill Méiglechkeeten, déi een haut huet, gi warscheinlech och an Zukunft net manner.