E Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg de Moie gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIS Asätz uechter d'Land.

Kuerz viru 21 Auer gouf et en Accident tëschent zwee Gefierer op der A13 a Richtung Schengen, dat tëschent dem Tunnel Fréiseng an Altwis. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn, d'Pompjeeë vun Uespelt a Beetebuerg, wéi och eng Ambulanz vu Beetebuerg waren am Asaz.

En Donneschdeg de Moie gouf et dann um 7.40 Auer e weideren Accident mat zwee Gefierer zu Esch um Boulevard Aloyse Meyer. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn, ëm déi sech d'Rettungsekippe vun Esch gekëmmert hunn.

Géint 8.30 Auer dann en Asaz fir d'Secouriste vu Käerjeng, Suessem-Déifferdeng, Esch, Péiteng an Diddeleng. Zu Suessem hat nämlech an der Rue de la Chiers eng Kiche gebrannt. Och hei mellt de CGDIS eng blesséiert Persoun.