Bei bis zu 80 Petitioune goufen net all Ënnerschrëft consideréiert. D'Petitionären dierfen elo decidéieren, ob hir Petitiounen nach emol opgemaach ginn.

Um Chambersite gouf et en technesche Problem bei Petitiounen. Bei bis zu 80 Petitioune goufe verschidden Ënnerschrëften net consideréiert. Betraff si Leit, déi sech net elektronesch, zum Beispill via Luxtrust, identifizéiert hunn. Et ass och just d‘Lëtzebuergesch Versioun vum Site concernéiert.

24 Petitioune sinn am Moment nach Online a kënnen ënnerschriwwe ginn. Bei deenen, déi clôturéiert sinn, ginn d‘Petitionären ugeschriwwen a gefrot, ob se se rëm wëllen opmaachen.
 
Zweetens goufe Signatairen um Site net ugewisen, déi awer ugekräizt haten, datt hiren Numm kéint Public gemaach ginn.
 
Alles wier op e rengen technesche Problem zeréckzeféieren, dee bei der Erneierung vum Site am Mäerz net opgefall wier, sou de Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck am RTL-Interview. Et wier op alle Fall keng Awierkung vu bausse ginn.

Et wier natierlech ze bedaueren, datt dat geschitt an datt et net éischter opgefall wier. Ee Problem wier geléist an deen anere wier amgaange behuewe ze ginn.
 
Keng vun de concernéierte Petitioune wier iwwerdeems no um Seuil gewiescht, sou nach de Laurent Scheeck, mä dat géing awer näischt drun änneren, datt dës erëm kéinten opgemaach ginn.