Ex-Minister Bausch an Ex-Arméischef Duschène musse viru Geriicht

© RTL (Archiv)
Hannergrond ass d’Explosioun vun enger Granat am Munitiounsdepot vun der Arméi um Waldhaff am Februar 2019, bei där zwee Zaldoten ëm d'Liewe koumen.
De fréieren Défense- an Travaux Publics-Minister François Bausch an de fréiere Chef d’Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi Alain Duschène musse sech viru Geriicht veräntwerten. Dat huet d’Chambre du conseil vum Stater Bezierksgeriicht e Mëttwoch esou decidéiert. Hannergrond ass d’Explosioun vun enger Granat am Munitiounsdepot vun der Arméi um Waldhaff am Februar 2019. Deemools waren zwee Zaldoten ëm d’Liewe komm, déi am Service déminage aktiv waren an eben déi 48 Kilo schwéier Bomm entschäerfe sollten.
D’Chambre du conseil fënnt, dass et genuch Elementer géif ginn, déi op eng Culpabilitéit vum Ex-Minister an Ex-Arméi-Chef géifen hindeiten. De Reproche heescht: zwee mol onfräiwëlleg Kierperverletzung. Géint déi Decisioun kann elo Appell gemaach ginn. Am Schreiwes vun der Justiz gëtt präziséiert, dass, och wann et Elementer géif ginn, déi zu enger Uklo féiere géifen, dat näischt iwwert eng Schold géif aussoen. Et gëllt wéi ëmmer d’Présomption d’innocence.
En Donneschdeg kuerz no 13 Auer huet den Affekot vum François Bausch matgedeelt, dass een an Appell géint déi Decisioun vun der Chambre de conseil wäert goen.
"Alors que nous ne partageons d’aucune manière le raisonnement, ni en droit ni en fait de cette juridiction, appel est interjeté."