Wéinst "inakzeptabelem" Feeler gëtt Franséischbuch vu 7e Général zeréckgezunn
E Schreiffeeler am franséische Buch vun de 7e-Klasse vum Enseignement secondaire général huet dofir gesuergt, datt verschidde Bicher mussen ersat ginn.
Dat gouf sou och nach net fir d'Rentrée. Am Lycée mussen den Ament Bicher an direkt zwee Fächer iwwerschafft ginn.
An engem Franséischbuch vun de 7e-Klasse vum Enseignement secondaire général huet e Schreif- respektiv Drockfeeler souguer carrement dofir gesuergt, datt verschidde Bicher mussen ersat ginn.
Wat war geschitt?
Dëst Joer huet de Script (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) d'Franséischbuch mam Titel "Imagine Luxembourg", dat fir d'7G-Klassen gedréckt gouf, nei editéiere gelooss, fir verschidde Feeler ze verbesseren. Bei dëser neier Editioun ass allerdéngs beim Verlag e penibele Feeler geschitt.
Aus "Activité Finale" gouf "Activité Anale"*. Op anere Plazen, wou Wierder a "Sonderschrëften" stinn, weist sech den "fi" an den "fl" iwwerhaapt net un. Den Educatiounsministère an de Script gesinn de Feeler integral beim Verlag.






Den Direkter vum Script Luc Weis huet am RTL-Interview erkläert, datt si d'Buch feelerfräi an Optrag ginn hätten. De Problem wier duerno duerch eng technesch Manipulatioun bei der Ëmstellung vun der Opléisung entstanen. Den Editeur hätt sech awer schonn engagéiert déi 2.000-2.500 concernéiert Bicher op eege Käschten nei drécken ze loossen, sou de Luc Weis.
Einstweilen kéinten d'Schüler a Schülerinnen mat der digitaler Versioun am Franséischcours schaffen. Doduerch soll den Unterrecht dann och sou mann wéi méiglech gestéiert ginn.
Den Educatiounsministère préift den Ament awer och, ob ee juristesch géint den Editeur aus Frankräich virgeet, mat deem een u sech déi lescht Jore gutt zesummegeschafft huet.
D'Vente vun de Bicher gouf direkt gestoppt, wéi de Script de Feeler gemierkt hätt an d'Bicher mat de Feeler dra sinn amgaang an de Schoulen agesammelt ze ginn.
Den Educatiounsministère hat um Donneschdeg de Moien op RTL-Ufro reagéiert
"Et handelt sech ëm Erreurs d’impression am Franséisch-Buch 'Imagine' fir d’7e-Klassen vum Enseignement secondaire général," heescht et aus dem zoustännege Ministère. Bei der Réimpressioun vun de Bicher wieren dës Feeler entstanen, wuel duerch technesch Problemer beim Éditeur. De Problem wier dem Schoulministère no eréischt opgetrueden, nodeem de Script, dee fir d'Schoulbicher zoustänneg ass, den Ok ginn hat, datt d'Buch an den Drock ka goen..
"Déi opgetruede Feeler sinn inakzeptabel an hu keng Plaz an engem Schoulbuch. Op Opfuerderung vum Ministère zitt den Editeur, deen eleng fir dëse Mëssel responsabel ass, all déi betraffe Bicher direkt zeréck an ersetzt se," präziséiert nach d'Spriecherin vum Ministère Myriam Bamberg. Wéini genau d'Bicher all ersat ginn, kann een aktuell nach net soen. Den Editeur hätt sech awer engagéiert, dëst "esou séier wéi méiglech" ze maachen.










Well d'Verantwortung fir dësen "inakzeptabele" Feeler ganz eleng beim Editeur läit, well d'Fiche vum Script dëse Feeler net dran haten, préift de Ministère aktuell, ob ee rechtlech Schrëtt géint den Editeur an d'Weeër wäert leeden.
Betraff sinn d'Bicher vun der Editioun 2025, déi nogedréckt hu misste ginn (ISBN 9782278111725).
"En attendant, datt d’Bicher nei gedréckt a geliwwert ginn, stellt den Editeur alle betraffe Schüler an Enseignanten en Accès op déi digital Versioun vum Buch zur Verfügung", präziséiert de Ministère nach. Kopien un d'Schüler auszedeelen, wier an dësem Fall och eng Alternativ, "bis déi nei Impressioun do ass". Am Ministère geet een aktuell dovunner aus, datt dëse Feeler awer keen negativen Impakt op den Unterrecht huet.
Problemer beim Buchbannen an der Mathé
Och an der Mathé gouf et dëst Joer op enger Klass Problemer, wéi Bicher nei gemaach goufen. Hei si beim Buchbënner verschidde Säiten aus zwee Aufgabenhefter vu verschiddenen 2e-Klassen vertosch ginn, sou datt sech d'Säiten 81-96 aus dem Tome 3 elo am Tome 4 erëmfannen an ëmgedréit och. Dës Bicher ginn elo, op Uweisung vum SCRIPT, awer net zréckgezunn. De Script huet d'Säiten, déi jeeweils feelen, als Zort Zousazheftchen nodrécke gelooss an déi ginn elo an de Lycéeën un all betraffe Schüler a Schülerinnen verdeelt.
Och hei betount de Luc Weis, géif de Buchbënner d'Zousazkäschten integral droen. De Steierzueler kascht dat ganzt deemno näischt.
*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mer geschriwwen, dass amplaz vun "Activite Anale" hätt missen "Activité Orale" (mëndlech Aufgab) do sollt stoen. Nom Interview mam Script gouf dat awer richteggestallt.