Am Virfeld vun der parlamentarescher Rentrée huet d'Conférence des présidents en Donneschdeg op eng Pressekonferenz invitéiert.

D’Verkierzung vun der Riedezäit an der Chamber zanter Abrëll zejoert ass eng vun de gréisste Verännerungen, op déi op enger Pressekonferenz am Virfeld vun der Parlamentarescher Rentrée am Oktober higewise gouf.

D’Zuel vun de Séances publiques war 2000/2001 mat 72 Seancë méi héich wéi zejoert, wou et der 58 goufen. Et wier awer esou, dass een haut mat manner Seancë méi Projete géing adoptéieren, huet de Chamberpresident Claude Wiseler ënnerstrach a sech dëst duerch déi méi kuerz Riedezäiten erkläert.

D’Member vun der Conférence des présidents hunn awer ugemierkt, dass weider Moderniséierung bei dësem Sujet gewënscht wier. Besonnesch wat d’Méiglechkeete fir Nofroen an der Froestonn uginn. Den Outil vun de Petitioune wier dann e risege Succès. D’lescht Chamberjoer goufen iwwer 400 eragereecht. Kee Succès wieren dogéint d’Propositions de loien. Bis haut hätt nach keen esou eng eragereecht.

Doriwwer eraus gouf dann d’Live-Iwwerdroung vun 18 Chamberkommissiounen als Schrëtt a Richtung méi Transparenz gelueft. Och wa just tëscht 10 an 100 Leit live nokucken, géingen et dono weider Zougrëffer op d’Archiv ginn, besonnesch bei mediatiséierte Sujeten.
 
E weidere Punkt, deen de Chamberpresident ugeschwat huet, war d’Transparenz-Regëster. Elo muss den Deputéierten, respektiv d’Fraktioun androen, mat wiem geschwat gouf, iwwert wat a wéini. Dëst muss bannt 14 Deeg no der Entrevue passéieren an d’Administratioun huet da 6 Wochen Zäit, fir dëst ze publizéieren.