Zwou Dealerinnen am Garer Quartier festgeholl

Wéi d'Police mellt, hate si an der Nuecht op en Donneschdeg mat Drogendealer an alkoholiséierte Chaufferen ze dinn.
Bei enger Patrull si Beamten an der Nuecht op en Donneschdeg an der Rue du Fort Elisabeth zwou Fraen opgefall, bei deene een de Verdacht hat, datt si Droge kéinte bei sech hunn. Béid goufe kontrolléiert an dobäi goufen och geréng Quantitéiten un Drogen entdeckt. Dowéinst koume béid Verdächteg och op de Policebüro. Do goufen dann och nach weider Droge fonnt a séchergestallt. Béid Persoune goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Ouni Permis an alkoholiséiert war eng Persoun zu Ettelbréck an der Avenue des Alliés ënnerwee. D'Gefier war de Beamten opgefall, well all d'Fënsteren ugeschloe waren. Et gouf e Fuerverbuet géint de Mann ausgeschwat an hie gouf protokolléiert.