Papp a Jong trëppele queesch duerch de Grand-Duché

© Frank Jester
De Frank Jester ass mat sengem Jong am Grand-Duché ënnerwee - an dat ouni Schong.
Dat wier gutt fir de Kierper an dofir huet de Frank Jester scho puer Mol sech deen een oder anere spannende Challenge iwwerluecht. Sou ass en am Summer 750 Kilometer vun Osten no Westen an Däitschland getrëppelt. Dat mëscht hien och all Kéiers ouni Gepäck an ouni Suen.
Ënnerwee zielt hien op d'Ënnerstëtzung vun de Leit. Elo ass hien erëm ënnerwee. Säi 15 Joer ale Bouf wollt och dobäi sinn, an dofir ass de Choix op Lëtzebuerg gefall.
Hei kann een e flotten Tuer maachen, et ass net ze wäit an an engem Weekend machbar. Et geet och hei vun Osten a Richtung Naturpark Uerwersauer ganz am Westen. De Samschdegowend brauche si och eng Schlofplaz an der Géigend vu Colmer-Bierg. Hei kann een sech bei hinne mellen: +49 177 6030603
Am Interview mam Loïc Juchem huet de Frank Jester e Samschdeg de Moien am RTL-Wecker méi iwwert dës geckeg Iddi erzielt.