An de Kannaniuuss dës Woch: Trounwiessel, E-Trottinetten a Verkéierssécherheet
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 am Kader vu Kannativi-Emissioun.
Hei kucke mer op den Trounwiessel an déi lescht Preparatiounen, déi nach amgaange sinn a mir stellen den zukünftege Grand-Duc kuerz vir.
Da schwätze mer och iwwer elektresch Trottinetten. Där gesäit ee jo ëmmer méi op eise Stroossen. Besonnesch mat ganz jonke Chaufferen drop. Wat ass wichteg an op wat muss een oppassen?
Da war och nach e wichtegt Treffen dës Woch zu New York. An do war jo och eise Premier Luc Frieden dobäi. Mir erklären, firwat esou vill Länner Palästina elo unerkennen. A firwat dauernd vun enger Zwee-Staate-Léisung geschwat gëtt.
Am Reportage duerno geet et ëm déi europäesch Verkéierssécherheets-Competitioun a Serbien. Hei sinn och Kanner aus Lëtzebuerg vertrueden. Et gëtt gekuckt, wéi gutt déi jonk Vëlosfuerer d’Verkéiersreegele kennen.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d'Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an et ginn och reegelméisseg Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes