CGDIS
Véier Blesséierter op eise Stroossen e Samschdeg den Owend

© RTL-Archiv
Zwee Accidenter gouf et e Samschdeg den Owend uechter d'Land.
Géint 18.40 Auer ass eng Persoun um Kierchbierg bei engem Autosaccident blesséiert ginn. Eng Ambulanz vu Lëntgen war op der Plaz.
Géint 22.30 Auer sinn dunn nach zu Käerjeng zwee Autoen anenee gerannt. Dräi Persoune goufe verwonnt ginn, mellt de CGDIS. Hei waren direkt dräi Ambulanzen am Asaz, zwou vun Esch an eng vu Schëffleng.
Am meeschte gelies