Am Bulletin vun der Police ass et nees d'Warnung virun enger Bedruchsmasch, déi an der lescht rëm méi heefeg virkomm ass.

Deemno gouf et rezent nees eng Rei Bedruchsfäll, bei deene sech Onéierlecher als Mataarbechter vu Luxtrust ausginn an hiren Affer géigeniwwer behaapten, et wier eng gréisser Zomm Sue mat hirer Bankkaart opgehuewe ginn. Dowéinst misst een angeebleche Mataarbechter vun der Bank oder Luxtrust beim Concernéierte laanschtkommen, fir d'Kaart sichen ze goen an hiren Accès ze iwwerpréiwen.

D'Police weist an deem Kontext dorop hin, datt eng Bank oder aner Institutiounen nimools dozou opfuerdere géifen, eng Bankkaart oder sensibel Donnéeën auszehännegen oder dës per Telefon matzedeelen. Och ass et den Appell, d'Bank ze kontaktéieren, wann ee sech net sécher ass an och eeler Mënschen am eegenen Ëmfeld iwwer dës Arnaque ze informéieren an opzeklären. Well et ëmmer méi dacks Jonker sinn, déi vun Onéierleche rekrutéiert ginn, fir beispillsweis d'Bankkaarte sichen ze goen, sollen dës och dofir sensibiliséiert ginn, datt et sech bei dësen Handlungen ëm Strofdoten handelt.

Wie selwer Affer vun esou enger Arnaque ginn ass, soll sech bei sengem lokale Policebüro mellen.