De Laurent Loschetter am Interview iwwer d'Festivitéite vun e Samschdeg
D'Feierlechkeete vun e Samschdeg wieren eenzegaarteg. Dat sot de Laurent Loschetter e Freidegowend am Interview am Journal op der Tëlee.
Hien ass den Haaptresponsabele fir d'Festivitéiten e Samschdeg. Den Associé vum Atelier ass wuel gewinnt, grouss Evenementer ze organiséieren, awer en Dag ewéi e Samschdeg wier "once in a lifetime". Et wier eng gewalteg Aufgab, virun allem, well d'Feierlechkeeten iwwert dat ganzt Land verspreet sinn. Zanter Méint hätten Ekippen op deene verschiddene Plazen am Land alles fir de groussen Dag preparéiert.
Suerge maache géif virop d'Wieder, dat wier dat Eenzegt, wat een net kéint kontrolléieren. Wat speziell wier, wier, dass ee mat den Awunner an Awunnerinne vu Lëtzebuerg géif zesummeschaffen. Et misst ee sech d'Fro stellen, wéi vill een de Leit kéint a puncto Wieder zoumudden. Zu Diddeleng sollen zum Beispill 300 Kanner danzen, vun deene verschiddener fragil wieren. Do wier et eng Fro vu Responsabilitéit, dass ee sech misst froen, a wéi wäit een déi kéint ënner verschiddene Konditiounen optriede loossen. Bei der Technik, der Bün an den Drone géingen et kloer Wäerter, vun deenen un ee misst Upassunge maachen. D'Dronen dierfen zum Beispill vun enger gewësser Wandvitess un net starten.
Wat d'Tournée vum Grand-Duc ugeet, hätt een am Virfeld vill mam neie Staatschef geschwat. Dobäi wier séier erauskomm, dass dem Groussherzog op sengem éischte "Schaffdag" d'Renconter mat de Leit wichteg ass. Duerch den Tour uechter Land, wéilt ee sécherstellen, dass Leit aus méiglechst ville verschidde Regiounen awer och aus verschiddene soziale Gruppen a Kontakt mam Grand-Duc kommen.
Eng zentral Roll bei de Festivitéite spillt och d'Rout Bréck. D'groussherzoglech Koppel wäert iwwert dës an d'Stad trëppelen. Op hirem Wee trëfft d'Koppel dann op Leit, déi fir verschidden Theme stinn, déi dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse um Häerz leien. Dës Leit droen déi Themen am Land. D'Koppel fänkt hire Wee also eleng um Kierchbierg un a kënnt dann zesumme mat 1.800 Leit an der Stad un.
An der Stad gëtt et dann am Kader vun de Festivitéiten eng Première: Um Glacis steet eng 360-Grad-Bün, op där wärend annerhallwer Stonn Museker vun all verschidde Museksrichtung optrieden.
Op de Käschtepunkt ugeschwat, sot de Laurent Loschetter, dass et normal wier, dass d'Leit sech déi Fro géinge stellen. Hie kéint sech awer virstellen, dass et fir de Ministère komplizéiert wier, deen ze berechnen. All Gemeng hätt hiren eegene Budget an d'Donnéeë misste Mol zesummekommen. Et wier him als Organisateur wichteg, dass alleguer d'Suen a Kënschtler investéiert gi wieren, déi an hirem Alldag hei am Land kënschtleresch aktiv sinn. Hie wier houfreg drop, dass een dat gepackt hätt.