Dacks bei gréisseren nationale Feierlechkeete wéi zum Beispill dem Nationalfeierdag, gëtt et ee Freedefeier.

Anescht ass et beim Trounwiessel. Et gouf op dat traditionellt Freedefeier verzicht, op ee Spektakel am Himmel awer net. 350 Drone hunn aacht Minutte laang fir eng ganz speziell Beliichtung gesuergt.

D'Show gouf speziell fir dësen historesche Moment vum Kënschtlerduo Stéphanie Rollin an David Brognon kreéiert. Si hu sech fir d'Droneshow am Kader vun dësem royal Moment ënner anerem vu kinnekleche Symboler inspiréiere gelooss. Ze gesi waren, nieft der Kaart vum Lëtzebuerger Land an dem Roude Léif och nach d'Hänn vum fréiere Grand-Duc Henri an dem neie Grand-Duc Guillaume. D'Liewenslinne vun hiren Hänn si wärend der Presentatioun anenee gelaf, dëst steet symbolesch fir d'Schicksal respektiv e Wee, op dee sech Papp a Fils preparéiert hunn.

Produzéiert gouf d'Show vun der Firma Dutch Drone Shows, d'Konzept staamt wéi gesot vum Kënschtlerduo aus der Belsch an den Napoleon Gold huet déi speziell Musek fir d'Show komponéiert.

Am Virfeld vum Trounwiessel war eng RTL-Ekipp sech d'Prouwen ukucken. Do gitt dir och gewuer, wéi grouss d'Sécherheetsmesure sinn.