Wéi grouss ass den Interessi bei de Schüler?

Trounwiessel op engem Freideg, awer ouni Feierdag. Fir déi offiziell Zeremonie an der Stad ze suivéieren, huet een also mussen en Dag Congé huelen.
Schülerinnen a Schüler haten awer d'Méiglechkeet, eng Dispense vun der Schoulflicht unzefroen, fir dann an der Stad kënne mat dobäi ze sinn. Mee dës Informatioun schéngt awer net bei alle Schüler an Elteren ukomm ze sinn.
An der Stad virun enger Schoul - een Dag virum Trounwiessel - sinn d'Elteren iwwerrascht iwwer d'Fro, ob si fir hiert Kand eng Dispense ugefrot hunn. Kee vun den Eltere wosst, dass dat eng Méiglechkeet war. Och déi Elteren, déi näischt an de Mikro wollte soen, wossten näischt vun dëser Méiglechkeet.
Mee wéi kënnt dat? Vum Schoulpersonal op der Plaz heescht et, et wier een intern spéit informéiert ginn. Dat géing een och bedaueren, well warscheinlech méi Kanner eng Dispense gefrot hätten, wa si et gewosst hätten. Wéi vill Interessi ënnert de Kanner ass, fir un der Zeremonie vum Trounwiessel deelzehuelen, kann een dowéinst hei net soen.
D'Echoen aus anere Schoule si ganz ënnerschiddlech. Verschidde Grondschoulklassen deplacéiere sech souguer an d'Stad, fir d'Zeremonie zesummen ze suivéieren oder de Formulaire gouf einfach an der Klasse ausgedeelt, fir dass d'Eltere kënnen entscheeden, ob si fir hiert Kand eng Dispense vun der Schoulflicht wëllen ufroen oder net.
Verschidde Lycéeën hunn dann de Schüler d'Initiativ iwwerlooss, fir de Formulaire selwer an d'Sekretariat sichen ze goen. Anerer hunn en ausgedeelt.
Ma dës Prozedur wier fir d'Schoulen net nei, schreift den Educatiounsministère op Nofro. Fir d'Visitt vum Poopst oder aneren Evenementer wier dat och schonn esou gemaach ginn. Den 23. September, also 10 Deeg virum Trounwiessel, sinn d'Schoulen informéiert ginn, heescht et weider an der schrëftlecher Äntwert, a weider: "Dës Informatioun ass per Email un d’Regionaldirektiounen an d’Präsidenten vun de Schoulcomitéë vun de Grondschoulen an un d’Lycéesdirektioune geschéckt ginn, mat der Demande, se un all d’Enseignante weiderzeleeden."
D'Schoule geréieren d'Dispensen, esou nach den Educatiounsministère. "Zu de Weeër, iwwer déi d’Schoulen d’Elteren informéiert hunn, kann sech de Ministère sech net prononcéieren", dat wier nämlech de Schoulen iwwerlooss. Dowéinst huet de Ministère och keng Zuelen, déi géingen aussoen, wéi grouss den Interessi ass.
Dee leschten Trounwiessel war iwwregens viru 25 Joer, den 7. Oktober 2000, op engem Samschdeg. Dowéinst huet sech dës Fro deemools net gestallt.