Virun 11 Joer ass d'Bauschuttdeponie zu Monnerech gerëtscht an huet d'Strooss tëschent Esch-Lalleng a Monnerech mat 4 Hektar Buedem blockéiert.

Et war eng Katastroph, déi et a sech hat an där hiren Nowéien nach ëmmer geschafft gëtt. Zënterhier huet sech vill gedoe, mä fäerdeg sinn d'Aarbechten um Site nach net. Dem Buergermeeschter Jeannot Fürpass no ass et awer net méi fir esou lang:

"Dat wat een haut ka soen, dat ass, datt mer Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. Et ass ganz intensiv geschafft ginn an deene leschte Jore fir dat hei an d'Rei ze kréien. Wat ech ka soen, dat ass, datt mer wierklech versicht hunn, eng Vue d'ensemble ze kréien. Eng global Vue ze kréien fir ze verstoen, firwat et zu engem Äerdrutsch komm ass, wat d'Ursaache waren an dann e Konzept auszeschaffen mat all de Parteien, déi concernéiert sinn. De Staat, d'Arcelor, de Cloos als Exploitant an d'Gemeng Monnerech, déi natierlech e groussen Intressi drun huet, datt deen hei Site an d'Rei gesat gëtt." 

Et hätt een an deene leschte Jore festgestallt, datt d'Waasser eng ganz grouss Roll spillt, esou de Monnerecher Buergermeeschter.

Méi Detailer gitt Dir am Videoreportage uewe gewuer.