De Grand-Duc Guillaume huet sech mam Luc Frieden a Claude Wiseler getraff
Knapps am Amt huet den neie Staatschef Guillaume e Méindeg ewell zwee wichteg Rendez-vouse gehat.
Et waren engersäits de Chamberpresident Claude Wiseler an duerno de Premier Luc Frieden, déi beim Grand-Duc am Palais fir eng Audienz passéiert sinn. Dëst waren natierlech op eng Manéier Héiflechkeets-Visitten, mee sécher goufen och aktuell politesch Dossiere mat béiden CSV-Politiker ugeschwat.
No der Entrevue am Nomëtteg mam neie Staatschef, huet de Staatsminister festgehalen, datt et am Zwou-Wochen-Takt wäert zu Rendez-vousen am Palais kommen, fir déi sougenannt "collèges singuliers", op déi Echangë freet sech de Luc Frieden. Den haitege Grand-Duc an de Luc Frieden kenne sech scho laang. Eleng am Kader vu ville Wirtschaftsmissiounen hunn alle béid an hire respektive Funktiounen, onst Land no bausse vertrueden.
E Méindeg de Moie schonn hat de Claude Wiseler Rendez-vous am Palais. Eng Audienz um Enn vun där den éischte Bierger vum Land, net op de Fong vun de Gespréicher agoe konnt, awer d'Manéier ervirgestrach huet, wéi zougänglech de Grand-Duc Guillaume ass. Wann d'Agenda vum Grand-Duc et erlaabt, oder virun allem wann et jee no Situatioun noutwendeg ass, da kennt et zu esou Rendez-vouse mam Chamberpresident. Fir Themen am direkte Gespréich unzeschwätzen, sou de Claude Wiseler.
En Dënschdeg de Moie gëtt iwwerdeem de President vum Staatsrot, de Marc Thewes, am Palais vum Grand Duc empfaangen.