Duerch eng nei Konventioun kënne kriibskrank Kanner elo vun den Infrastrukture vum Rehazenter profitéieren an esou e Stéck Normalitéit zeréckgewannen.

Op Initiativ vum Rehazenter hi gouf e Mëttwoch eng nei Konventioun mat der Fondatioun Kriibskrank Kanner ënnerschriwwen, déi et der Fondatioun elo erlaabt, vun der spezialiséierter Infrastruktur vum Rehazenter um Kierchbierg ze profitéieren. Dozou gehéiere virop zwee adaptéiert Schwammbasengen, déi duerch méi héich Temperaturen a méi performant Filter ideal fir Persoune mat geschwächtem Immunsystem oder ageschränkter Mobilitéit sinn.

Duerch d'Konventioun wäert de Rehazenter des Schwämmen elo fir e puer Stonnen all Mount der Fondatioun an hire Patienten zur Verfügung stellen. Dat bedeit fir déi betraffe Kanner, datt se kënne mat vertraute Betreier kommen an hir Übunge bei méi komfortabelen 33°C Waassertemperatur maachen.

Eng wichteg Roll spillt och de securiséierte Kader vun de Schwämmen. Gelänner ronderëm an an de Basenge selwer kënnen als Stëtz genotzt ginn, a speziell Lifter a Rampen erméiglechen et, dass och Persounen am Rollstull Zougang zum Waasser hunn.

RTL

An dësem Baseng am Rehazenter huet d'Waasser 33°C a gëtt vu spezielle Filter gebotzt. / © Ian Pocervina

Fir d'Personal vun der Fondatioun, wéi den Educateur gradué Rachid Habbaz, bidden all dës Konditiounen eng immens Chance, fir hir Patienten an engem séchere Kader ze betreien. D'Schwämm huet nämlech eng Panoplie u Virdeeler, fir déi kierperlech Rehabilitatioun vu Kanner ze ënnerstëtzen, virop duerch de nidderege Widderstand vum Waasser, wéi hien erkläert.

Fir de Rachid Habbaz, dee sech a senge Seance mat maximal ee bis zwee Patiente beschäftegt, ass och kloer, datt méi zur Behandlung vu kriibskranke Kanner gehéiert wéi just Medikamenter. Hie leet duerfir grousse Wäert drop, datt d'Kanner sech proaktiv bedeelegen an hëllefen, d'Aktivitéiten auszesichen an esou de Cours mat ze gestalten.

"D'Iddi ass, datt si wierklech Spaass un dëser Seance hunn. Si sollen net just vun deem physesche Volet profitéieren, mee och vun engem Moment Relaxatioun, engem Moment Entspanung, well hautdesdaags ass gewosst, datt Krankheete ganz dacks mat vill Stress a Schwieregkeete verbonne sinn", sou den Educateur, ier en e Mëttwoch den éischte Patient am Kader vun der neier Konventioun betreit huet.

Well vill Kanner sech am Waasser wuelfillen, ass déi nei Konventioun also e wichtege Schratt fir d'Aarbecht vun der Fondatioun, erkläert de Rachid Habbaz weider: "D'Kanner freeë sech, am Waasser kënnen ze schaffen, dat ass méi flott. Duerfir hu mir hei d'Méiglechkeet, fir physesch Aktivitéite – wéi Resistenz vu Muskelen oder Ausdauer – kënne mat engem Moment Relaxatioun fir d'Kand ze verbannen."

RTL

Den Educateur gradué Rachid Habbaz mat engem Patient wärend der éischter Seance ënnert der neier Konventioun. / © Ian Pocervina

Och de Pierre Dochen, Direkter vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, ënnersträicht, datt Spaass enorm wichteg ass. Den Direkter vun der Fondatioun, déi et zanter 35 Joer gëtt, erkläert, datt hir Missioun virun allem dora besteet, de betraffene Familljen déi administrativ Laascht vun de Schëlleren ze huelen.

Wéi de Pierre Dochen verréit, soll elo an engem nächste Schratt gekuckt ginn, wéi eng Kanner vun der Konventioun mam Rehazenter kënne profitéieren.

Duerch de Sport zeréck an d'Liewe fannen

Dës Aart vu Partnerschaft ass awer net komplett nei fir de Rehazenter, dee scho vergläichbar Konventioune mat aneren Associatiounen en place huet. Dozou gehéiert nieft dem Paralympesche Kommitee och d'ASBL Back to Sport, déi Persoune mat kierperlechen Aschränkungen hëlleft, duerch de Sport hire Wee zréck an d'Liewen ze fannen.

Am Gespréich erkläert den Educateur Yves Ogé vu Back to Sport, datt hir Membere gréisstendeels Leit sinn, déi duerch en Accident oder änleche Schicksalsschlag nees Schratt fir Schratt léiere mussen, sech autonom ze beweegen.

Och hei spillt dee soziale Volet eng wichteg Roll, sou den Educateur, a verweist op e Meedchen, wat grad mat senger Mamm am Baseng ass, souwéi och e Mann, dee mat senger Fra vum Training am Waasser profitéiert. "All dës sportlech Aktivitéite bréngen d'Leit beieneen, hëllefen hinnen, zesumme Fortschrëtter ze maachen an och fir trotz Handicap eppes mat hirer Famill ze ënnerhuelen", sou den Yves Ogé.

D'ASBL ass schonn zanter méi laanger Zäit am Gebai vum Rehazenter aktiv, an och fir si ass dee private Kader immens wichteg. "Eis Membere sinn dacks Leit déi eventuell heiansdo e bësse méi Intimitéit brauche fir verschidde Saachen ze maachen, fir iwwer hir Angscht ewechzekommen, well no engem Accident säi Kierper nees nei ze entdecken ass eppes immens Traumatiséierendes", ënnersträicht den Educateur.

E Besoin fir spezialiséiert Infrastrukturen

D'Initiativ, fir déi existéierend Partnerschafte vum Rehazenter weider auszebauen, koum vum Elsa Do Carmo, zanter Abrëll 2025 Directeur des soins vum Zenter. Do virdrun huet si 15 Joer laang an der Kannerklinik geschafft a kennt duerfir de Besoin fir spezialiséiert Infrastrukturen hei zu Lëtzebuerg: "Wou ech hei mäi Posten ugeholl hunn, hunn ech direkt un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner geduecht, well mer ganz vill mat hinne geschafft hunn an der Kannerklinik. An do hat ech se kontaktéiert, ob se eventuell interesséiert wär, eis Plattform an eis Schwämm an eis Strukturen ze notze fir Patienten."

Zesumme mat Back to Sport gouf doropshin déi nei Konventioun ausgeschafft, fir datt och elo Kanner kënne vun den therapeuteschen Aktivitéiten am Rehazenter profitéieren. Dës gëllt elo emol fir ee Joer a kann dann awer vu Joer zu Joer erneiert ginn. Och wann d'Konventioun sech am Moment nach op just e puer Stonnen am Mount beschränkt soll dann awer d'Amplitude – sou si sech all d'Acteuren um Terrain eens – graduell eropgesat ginn.

RTL

De Pierre Dochen an d'Elsa Do Carmo ënnerschreiwen déi nei Konventioun. / © Ian Pocervina

"Ech kéint mer virstellen, datt, wann alles gutt leeft, d'Konventioun fir eng ganz laang Dauer wäert sinn, op d'mannst hoffen ech dat, well et ass wierklech e Plus fir Kanner, fir schwammen ze kënnen a sech hei zeréckzéien ze kënnen", sou de Pierre Dochen.