An der Nuecht op den 23. September koum et zu Stengefort zu engem Accident mat Farerflucht.

Geschitt ass den Accident, bei deem Policeinformatiounen no e Bam beschiedegt gouf, un der Kräizung tëschent der Areler a Käercher Strooss. Den involvéierte Chauffer vun engem Skoda (Modell Scala oder Kamiq) a blo-metallic soll nom Accident iwwer d'Areler Strooss weider a Richtung Belsch gefuer sinn, nodeems en nach kuerz an der Rue de l'Hopital op engem Parking stoe bliwwe war, ouni sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren.

Méiglech Zeie vum Accident si gebieden, sech um Policebüro zu Capellen ze mellen, dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 30 1000 oder per Mail u police.capellensteinfort@police.etat.lu.