D'Zil ass et, d'Leit ze sensibiliséieren
D'Steierverwaltung mécht nees den Tour duerch d'Land

© RTL Grafik
Tëscht dem 14. Oktober an dem 21. November wäert d'Steierverwaltung a fënnef Akafszenter am Land present sinn.
Dat am Kader vun der Campagne "ACD on Tour: Dir frot, mir äntweren“. D'Zil wier et, d'Leit ze sensibiliséieren, sou d'Steierverwaltung an engem Schreiwes.
Et hätt een och Nouveautéiten am Gepäck wéi d'Helpline, op déi een kann uruffen wann een Hëllef brauch beim elektroneschen Ausfëllen vu senger Steiererklärung, oder en Tutorial op Lëtzebuergesch.
Méi Informatiounen fannt Dir op acd.lu an op 123easy.lu.
Am meeschte gelies