Um Findel hate sech am Kader vum Trounwiessel Leit getraff, deenen hiren Hobby et ass, Fliger ze observéieren.

D’Feierlechkeete vum Trounwiessel hu sech all dës Deeg vill ëm d’Royales an hir Optrëtter um rouden Teppech gedréint. Mä et gëtt awer och eng aner Plaz, wou ganz passionéiert Leit hire Bléck op eppes Besonnesches geriicht hunn: de Fluchhafen um Findel.

Do hunn d’Plane Spotter hiren eegene rouden Teppech, wou all Fliger fir Si e grousse Stär ass, virun allem wa "Royales" dra sëtzen. Dës Leit hale Momenter fest vu Fligeren, déi fir si méi si wéi just Transportmëttel. Fir si ass all Landung, all Start e klenge royale Spektakel. A wa si dann och nach ee kinnekleche  Fliger virun hier Lëns kréien, ass den Asphalt hire rouden  Teppech , an dësen Hobby, eng Passioun.Mir hunn hinnen e Moie laang iwwert d’Schëllere gekuckt.