D'Lëtzebuerger Mediegesetz gëtt reforméiert. Dat aktuellt Gesetz geet op 1991 zréck. Just déi audiovisuell Medien – Radio an Tëlee – falen drënner.

Well d’Medielandschaft awer déi lescht Joren enorm geännert huet, kënnt och déi geschriwwe Press derbäi, also d’Zeitungen an d’Internetsitte vun der Press. A sougenannt Influencer, Podcaster oder e Webradio.

Et wär logesch, datt déi selwecht Reegele respektéiert ginn, ob e Reportage op der Tëlee leeft oder an der geschriwwener Press steet, sot déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue en Dënschdeg de Moie virun der Press bei der Presentatioun vum Gesetzprojet. 
 
D’"Content Creators" op de Soziale Medie wäerten an Zukunft also och ënner d’Mediegesetz falen, well hir Roll an der Meenungsbildung staark gewuess ass. Wie genee bei den Influencer betraff ass, muss d’Kontrollautoritéit ALIA definéieren. Et muss een e gewësse Bekanntheetsgrad hunn, respektiv eng grouss Mass vu Leit erreechen.

Aus ALIA gëtt ALIM mat neie Missiounen

Mam neie Gesetz kritt déi Lëtzebuerger Kontrollautoritéit, d’ALIA, nei Missioune bäi. Aus der ALIA gëtt d’ALIM, d'"Autorité luxembourgeoise indépendante des médias". Si wäert an Zukunft net just Radio an Tëlee kontrolléieren, mä eeben och déi geschriwwe Press an d’Influencer op de Soziale Medien oder Podcaster.

D’Personal bei der ALIM gëtt opgestockt. Do soll et e Mëttwoch beim Depot vum Budget Detailer ginn.