Zu Stroossen kënnt um Méindeg d'Quadripartite nees beieneen.

Dee Gremium also, wou sämtlech Acteure vertrueden sinn, déi fir d'Gouvernance an de Fonctionnement vun der Krankeversécherung zoustänneg sinn.

D’Regierung, d’Sozialpartner an d’Prestatairen analyséieren dann zesummen eben déi ablécklech Situatioun vun dëser. D’Keese vun der Krankeversécherung hunn 2024 jo mat engem Minus vu 25,8 Milliounen € ofgeschloss.
Déi global Reserv geet doduerch erof op 936 Milliounen.

D’Sozialministesch Martine Deprez hat am Mee, no der leschter Reunioun annoncéiert, dass bis d'Hierscht-Quadripartite Mesuren ausgeschafft solle ginn, wéi d'Situatioun vun der Krankeversécherung kann à long terme ofgeséchert a strukturell redresséiert ginn.

Fir de fréien Owend ass zu Stroossen dann och eng Pressekonferenz geplangt.