Bannent den nächste véier Joer wäert Lëtzebuerg 5,5 Milliarden Euro an d'Defense investéieren. Wat wäerten d'Schwéierpunkte sinn?

Am Kader vum Sommet vun der NATO zu Den Haag am Juli krut eist Land nei Ziler, déi grouss Erausfuerderunge mat sech bréngen. Do geet et net just ëm de richtege Choix beim Kaf vum Material, et geet och drëms, sech a Punkto Personal nei opzestellen, fir den Erwaardunge gerecht ze ginn.

"Dat eent ass natierlech, dass mer am Kader vum leschten Zyklus vun Ziler, déi d'Nato eis gesat huet, déi mer eis als Nato ginn hunn, natierlech ass do de Batailloun Bi-National eppes, wou mer weider dru schaffen. Da gëtt et déi nei Nato-Ziler, zum Beispill Loft-Verdeedegung, Rakéitenofwier, en deployabelt Militärspidol, just fir e puer Beispiller ze ginn, wou mer eis mussen opstellen an organiséieren", sou d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am Interview.

Den Ament lafen Diskussioune mat Partnerlänner a mat Entreprisen.

Interview mat der Defenseministesch Backes - Reportage vum Dany Rasqué

Opwäertung vun de Karriären

Fir d'Yuriko Backes ass kloer, datt muss nogebessert ginn, wann et ëm d'Opwäertung vun de Karriäre geet. Entspriechend Propositioune sollen an den nächste Wochen kommen, sou d'Yuriko Backes.
 
"Ech mengen, dass mer eppes op de Paie sollen a musse maachen, schéngt mir zimmlech evident. Och e bëssen upassen, wann ee gesäit, wat an eisen Nopeschlänner, voir an der NATO geschitt a wéi se do opgestallt sinn. Ech mengen, do musse mir nobesseren, dat wäerte mer och maachen. A wéi gesot, wäert ech der Regierung do an deenen nächste Woche Propositioune maachen."

Tëschefäll mat Dronen op NATO-Gebitt

Och déi rezent Tëschefäll mat Dronen iwwer NATO-Gebitter beschäftegt d'Ministesch: "Et ass schonn eng Fro, déi eis wierklech beschäftegt. Do si mir och zu Lëtzebuerg natierlech opgestallt an am permanenten interministerielle Kontakt op deem Sujet. Sou wéi an anere Länner och, misste mer eis kontinuéierlech besser opstellen, wat d'Equipementer ugeet, eventuell och wat d'gesetzlech Basis ugeet. Do si mer, sou wéi an anere Länner och, amgaangen do drun ze schaffen."

An engem Rechtsstaat wier d'Arméi net un éischter Positioun, fir Dronen ze neutraliséieren, dat ass d'Roll vun der Police. An et géif kloer zwou Zorten un Dronen: kleng Observatiounsdronen, där d'Russen iwwer NATO-Territoire asetzen, a grouss arméiert Militär-Dronen.

Am Fall wou där eng iwwer Lëtzebuerger Territoire neutraliséiert misst ginn, da géifen, an engem NATO-Kontext, Belsch oder Hollännesch Kampffliger déi Missioun iwwerhuelen.

Zwee verschidde Loftofwier-Systemer fir Lëtzebuerg

Wéi d'NATO onser Defense virschreift, misst Lëtzebuerg zwee verschidde Loftofwier-Systemer hunn, sou d'Yuriko Backes: "Dat eent ass méi am nidderegen Espace, wann elo e Fliger oder en Helikopter géif op Lëtzebuerg zoukommen. Dat anert ass méi fir ballistesch Missilen, zum Beispill. Dat heescht, dat sinn déi Systemer, wou mir gefrot ginn eis opzestellen. Dat ass eng Première fir eis. Nopeschlänner wéi zum Beispill d'Belsch hunn haut och keng esou Capacitéiten. Déi missen dat och maachen, soudass mir do amgaange sinn, mat Partnerlänner, mee och mat Entreprisen ze kucken, wéi ee Modell passt op eis."

Et géif drëms goen, virop emol eis kritesch Infrastrukture kënnen ze verdeedegen. Mee dat sollen eben och Systemer sinn, déi am Kontext vun der kollektiver Verdeedegung un d'Front kënne geschéckt ginn.

Knowhow am Satellitte-Secteur: Vu sécherer Kommunikatioun bis Äerd-Observatioun

"Dat ass wierklech eng Valeur ajoutée, déi Lëtzebuerg huet, point de vue Capacitéiten. Dat eent ass Satellitte-Kommunikatiounen, wou den zweete Gesetzesprojet lo deposéiert ass fir e GovSat 2. An dat si wierklech wichteg Capacitéiten, wou och eis Alliéiert drop waarden, dass mir déi Servicer kënnen ubidden. Dat dauert elo nach e bëssen. Dann hu mer am August den Äerd-Observatiounssatellitt mat Succès lancéiert, wou ech wierklech ganz frou driwwer sinn, well och dat si Capacitéiten, déi wierklech haut gebraucht sinn, déi Lëtzebuerg och kann Alliéierten zur Verfügung stellen", sou d'Yuriko Backes.

Am Ufank vum nächste Joer soll den Äerd-Observatiounssatellitt Luxeosys operationell sinn.