D'Zäit leeft. Bis den 31. Dezember muss d'Steiererklärung gemaach ginn. Et zielt net de Poststempel, mee den Datum wéini d'Deklaratioun vum Steierbüro ass.

Séier an einfach geet et, fir d'Deklaratioun online eranzereechen - an dat maachen dann och ëmmer méi Leit.

Natierlech ginn d'steierlech Donnéeën och vun de Steierbeamten iwwerpréift. Esou Kontrolle geschéien ouni spezielle Grond a kënne sech op e puer Joer bezéien.

Zejoert goufe fir d'Joren 2021 bis 2023 eng 9.500 Kontrolle gemaach, bei deenen dann och eng 3.900 Steierzueler Suen zeréck kruten, an der Moyenne eng 1.000 Euro.

A knapp 3.600 Fäll hu musse Steieren nobezuelt ginn. Dëst waren an der Moyenne eng 1.500 Euro, déi den Trésor zegutt hat.

A knapp all fënnefte Fall vun de Kontrolle koum et zu kengem Redressement.

Dës Chiffere liwwert de Finanzminister Roth op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.