Vun e Méindeg op en Dënschdeg
Pompjeeën haten dräi Asätz wéinst Bränn

Tëscht 22 Auer e Méindeg a 4 Auer en Dënschdeg de Moie fréi hunn d'Pompjeeën dräi mol mussen op en Asaz, well et gebrannt hat.
Kuerz no 22 Auer huet tëscht Dikrech a Steeën en Auto gebrannt.
Kuerz no Hallefnuecht huet zu Rodange e Bam gebrannt a géint 4 Auer stoung zu Bouneweg eng Poubelle a Brand.
Bei kengem vun de Bränn gouf et Blesséierter ze bekloen.
Am meeschte gelies