Optakt vu Prozess wéinst "Coups et blessures volontaires"

© RTL-Archivbild
E schroe Sträit tëscht Jonken hat Ugangs 2021 zu Bouneweg zum Doud vun engem jonke Mann gefouert.
Et war owes de 26. Januar, wéi sech Jonker am Stater Quartier an d'Hoer kruten, wéi e Messer an d'Spill koum an en 18 Joer aalt Affer esou uerg verwonnt gouf, datt et an der Ambulanz verscheet ass. En Dënschdeg geet de Prozess géint déi zwee ugeklot jonk Männer un, déi zum Ament vun de Faiten nach mat 15 a 17 Joer mannerjäreg waren.
Viru véier Joer waren Enregistrementer vum Mord op de soziale Reseaue public ginn a viral gaangen. D'jonk Leit si wéinst Mord a "coups et blessures volontaires" ugeklot. Virun der Chambre criminelle ginn d'Faite vun deemools detailléiert opgerullt. De Prozess ass op 4 Deeg ugesat.