Am Prozess wéinst der Messerpickerei zu Bouneweg viru véier Joer koumen en Donneschdeg d’Ugekloten zu Wuert.

Dobäi ass kloer ginn, datt si Allenzwee viru Geriicht stinn, well se sech vun de Kolleege matzéie gelooss hunn, an e jonke Mënsch, een deemools 18 Joer ale Schüler aus dem Bouneweger Lycée, wéinst enger Dommheet gestuerwen ass.
 
De wéinst Doudschlag ugekloten, gestännegen Täter wollt am Fong net mat op de Rendez-vous goen, wou et zum fatale Coup koum, mee seng Prüfung léieren. Ma säi Kolleeg, deen dem spéideren Affer sollt do zwou Titercher Cannabis verkafen, huet hie gelackelt. "Ech wollt net matgoen, mee hie sot, ech loossen der en Joint, wanns de matkënns", sou den Haaptugekloten.

Prozess wéinst Messerpickerei zu Bouneweg / Rep. Michèle Sinner

D’Kichemesser hätt hien agepaakt, well Bouneweg eben net sécher wier. Net well en hätt wëllen zoustiechen, mee fir de Fall, datt een e géing ugräifen, fir datt déi kéint verdreiwen. "Dat", sot d’Riichterin, "war eng schäiss Iddi". Wa se mat de Fäischt gestridden hätten, géif een haut net viru Geriicht stoen.

Ma hien hätt d’Messer mol net gezunn, wéi säi Matugekloten hien am Schwitzkasten hat, obwuel seng riets Hand fräi gehat hätt, huet hie sech justifizéiert. Wann d’Affer net op hien zoukomm wier an hie keng Fauscht an d’Gesiicht kritt hätt, hätt hien net mam Messer ausgeholl. "Ech hat Panik, ech hunn näischt gesinn", huet hien erzielt, "et ass alles sou schnell gaangen. Ech hunn dat net gewollt." Hien hätt just e Schwong mam Messer gemaach. Eng Ausso, déi d’Riichterin net wollt gëlle loossen, wéinst der Force, mat där zougestach gouf.

Et wier dem spéideren Affer seng Iddi gewiescht, dem Täter a sengem Kolleeg Angscht ze maachen an d’Drogen ze klauen. Dat sot de Matugekloten, dee sech virdru mam Täter an deem sengem Kolleeg op der App OmeTv vernannt hat. Do ware si zoufälleg verbonne ginn.

De Sträit war lassgaangen, well hien do refuséiert hat, säi Gesiicht ze weisen. Seng Frënn, dorënner d’Affer, haten dee Sträit iwwert d’Playstation zougeschalt matkritt. "Hien huet insistéiert", sou de jonke Mann. "Ech wollt net matgoen, mee hien huet insistéiert." D’Affer hat den Drogendeal arrangéiert. An et war wuel seng Matraque, mat där déi zwou Gruppen herno openee geschloen hunn.

D’Riichterin huet d’Hypothees opgestallt, datt et net fir d’éischt war, datt d’Affer a seng Kolleegen aneren Drogen ofgeholl hunn, ouni ze bezuelen. "Ma dëst Kéier ass et schifgaangen." Dat huet de Matugekloten ofgestridden.

De Vertrieder vum Parquet an d’Riichterin waren der Meenung, datt den Haaptugekloten och säi Matugeklote mam Messer blesséiert hätt. Ma deen éischte bestreit dat, an deen zweeten huet en Donneschdeg viru Geriicht och net versicht, hien dowéinst ze belaaschten. Wärend hirem Sträit, hätt hien dat Messer net gesinn, huet hie seng fréieren Aussoe widderholl. Just d’Messer vum Haaptugeklote sengem deemools 15 Joer ale Kolleeg. Dat Messer, wat d’Police trotz extensiver Sich zu Bouneweg net fonnt huet.

Iwwer de geneeën Oflaf vum Sträit, firwat, wien ugefaangen huet, ware sech déi zwee Ugekloten net ganz eens. Ma de Matugeklote sot, béid Säiten hunn net richteg gehandelt. "Et war egal wat", sot hien. De Prozess geet e Freideg de Moie virun.