Den Ukrainkrich an den Israel-Palästina-Konflikt op der Dagesuerdnung

© Domingos Oliveira
Zanter e Méindeg de Moie kommen um Kierchbierg d'EU-Ausseminister fir ee Conseil beieneen.
Gréisste Sujet um Ordre du Jour ass den Ukrainkrich respektiv méiglech Mesurë vun der EU géint Russland. Awer och iwwer d'Situatioun am Noen Oste gëtt um Kierchbierg diskutéiert.
Den US-amerikanesche President Trump an de russesche President Putin sollen an den nächste Wochen héchstwarscheinlech fir eng Entrevue zu Budapest beieneekommen. Et soll also Beweegung an den Dossier kommen, dofir wëllen d'EU-Ausseminister iwwert der EU hir Positioun hei zu Lëtzebuerg diskutéieren. Och soll gekuckt ginn, wat fir weider Schrëtt d'EU goe kann: Eng Iddi ass jo, fir agefruerent russescht Verméigen un d'Ukrain als Prêt auszebezuelen. Der EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas no, wëll ee mat dëser Propos virukommen:
"Mir hunn ee Prêt un d’Ukrain proposéiert a mir hu scho gudde Progrès gemaach, mee mir sinn nach net beim Zil ukomm. Mir hoffen, datt mir bis Enn der Woch, wou dann och d’Staats-a Regierungscheffe beieneekommen, méi konkret Léisunge presentéiere kënnen"
Virun der internationaler Press huet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel betount, datt ee méiglech juristesch Suitte vun dëser Propos misst bedenken:
"Wir müssen nur sicher sein, dass wenn jetzt nachher ein Gericht sagt, dass diese Entscheidung nicht richtig ist, dass nicht das eine Land allein bezahlen muss. Ich bin ganz einverstanden wenn es eine Solidarität gibt zwischen den 27 Ländern. Das heisst, wir entscheiden zusammen, dann bezahlen wir auch zusammen."
Besonnesch bei der Belsch ginn et juristesch Bedenken, dat well ee groussen Deel vun deem Verméigen zu Bréissel gehale gëtt, an domat d'Belsch eventuell juristesch Suittë kéint riskéieren. Fir de Lëtzebuerger Ausseminister brauch et dofir eng solidaresch Léisung:
"Et kann net sinn, dass mer zu 27 eng Decisioun huelen a wann et dann duerno drëms geet ze bezuelen, dann ass een eleng dofir responsabel. Dofir och e Solidaritéitsmechanismus. Am Moment gëtt vill driwwer geschwat, méintelaang. A wann dat bis de Fall wär, da si mir selbstverständlech och bereet, do matzemaachen. Also mir sinn net déi, déi blockéieren, mee mir mussen awer duebel Garantien hunn."
Fir dem Xavier Bettel säi franséischen Homolog Jean-Noël Barrot hätt d'EU-Kommissioun eng Propos op den Dësch geluecht, déi ville Bedenke géif Rechnung droen:
"La Commission européenne a mis sur la table une proposition qui tient compte d’un certain nombre des paramètres auxquels les états membres étaient particulièrement attentifs. Et je le dis: Si Vladimir Poutine a intérêt aujourd’hui à un cessez-le-feux, c’est parce que le temps joue contre lui."
Nieft dem Ukrainkrich war awer och den Israel-Palästina-Konflikt Thema. Ënnert anerem soll iwwer weider Mesuren diskutéiert ginn, fir d'Wafferou ze erhalen. Wéi een an der internationaler Press liest, wiere méiglech Sanktioune géint Israel wéinst dem Accord tëscht Israel an der radikal-islamescher Hamas d'lescht Woch awer manner warscheinlech ginn. Eleng scho, well d'Situatioun trotz dem Accord ganz fragil wier, wier et dem Xavier Bettel no kee gudde Moment fir Sanktioune géint Israel ze erhiewen:
"Ech sinn total iwwerzeegt, dass mer Sanktioune brauche géint brutal Settlers. Mir brauche Sanktioune géint Ministeren, déi wierklech Saache maachen, déi net an der Rei sinn. Mee elo, fir einfach ze soen: 'Israel gëtt bestrooft', ass a mengen Aen, wou am Moment scho sou fragile ass, ass och e falscht Zeechen."
Wéinst dem Conseil war dann och eng Protestaktioun vum Comité pour une paix juste au proche-orient um Kierchbierg, wou eng 50 Leit géint der CSSF hir Decisioun protestéiert hunn, fir israeelesch Staatsemprunten an der EU ze autoriséieren.