Am Joer 2024 huet de Fonctionnement vun der Chamber ronn 65 Milliounen Euro kascht.

Dëst geet aus de Konten ervir, déi um Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt goufen a mëttlerweil och um Internetsite vun der Chamber nozeliese sinn.

De Rapport gouf an der Kommissioun unanime ugeholl.

De gréissten Deel vun den Ausgaben entfält op Personal-Käschten, déi 22,6 Milliounen Euro ausgemaach hunn. Um Enn vum Joer huet d’Parlament 165 Mataarbechter gezielt, dovunner goufe 5 nei agestallt a 5 hunn opgehalen. Weider 17,2 Milliounen Euro goufe fir de Fonctionnement vum Parlament ausginn.

RTL

© RTL Grafik

D’parlamentaresch Indemnitéiten a Remboursementer fir Deputéiert hu 16,7 Milliounen Euro ausgemaach, knapp 8.500 Präsenz-Jetone goufen ausbezuelt.

Fir international parlamentaresch Aktivitéite goufen 1,3 Milliounen Euro ausginn: Deputéiert hunn 20 offiziell Visitten an 119 Reesen un internationalen Assembléeën a bilaterale Visitten am Ausland gemaach. D’Subventiounen un déi politesch Sensibilitéite belafe sech op 6,05 Milliounen Euro, an d’Publicatioun vum Compte rendu huet 551.000 Euro kascht.

Fir d'Campagnë vun de Chamber- an Europawalen am Joer 2024 goufen 1,672 Milliounen Euro rembourséiert, a fir Konferenzen an ausseruerdentlech Sëtzunge goufe 508.000 Euro bezuelt.

Eng nei Ausgab vum Joer war d’Iwwerdroung vun de parlamentaresche Kommissiounen, déi ongeféier 1 Millioun Euro kascht huet.