De Luxembourg National Research Fund (FNR) huet d'Gewënnerinnen a Gewënner vun den FNR Awards 2025 um Donneschdegowend bekannt ginn.

D’FNR Awards ginn et zanter 2009, se si Symbol fir Exzellenz an Engagement an der Lëtzebuerger Fuerschung.

Eng Auszeechnung gëtt et an dëse véier Kategorien: wëssenschaftlech Leeschtung, Wëssenschaftskommunikatioun, Dissertatioun a Mentoring. Dëst Joer goufe fënnef Präisser an der Maison du Savoir um Belval verginn.

Popkultur als Spigel vun engem gesellschaftleche Wandel

Den FNR Award for Outstanding Scientific Achievement kruten de Prof. Andreas Fickers, Prof. Dietmar Hüser, Prof. Sonja Kmec a säin Team.

De Fuerschungsprojet "Popkult60“ analyséiert Popkultur als Motor fir gesellschaftlech Verännerung ze verstoen. An enger grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an dem Saarland huet d'Ekipp 17 kulturell Themen analyséiert, vu Rockmusek iwwer Comics a Kannersendunge bis bei d’Schueberfouer. De Projet weist, wéi kulturell Phenomener iwwer Grenzen eraus Identitéite forméieren a politesch oder sozial Entwécklunge reflektéieren.

"Astronaut fir en Dag“: Wëssenschaft erliewen

Den FNR Award for Outstanding Promotion of Science to the Public krute d'Lëtzebuerger Weltraumagence mat der Vertrieder Juliette Pertuy, Maia Haas, Maud Marocki, Selima Malsagova a Bo Byloos.

Mat der Initiativ "Astronaut fir en Dag“ huet d’Luxembourg Space Agency 35 Schülerinnen a Schüler d’Chance ginn, sech eng Kéier schweerelos ze fillen op engem Parabel-Fluch ze erliewen, eng Erfarung, déi soss nëmme richtegen Astronaute virenthalen ass. D’Participante konnten e Joer laang wëssenschaftlech Experimenter begleeden an dobäi de Space-Secteur aus éischter Hand entdecken. D'Zil: jonk Leit, besonnesch jonk Fraen, fir d'Wëssenschaft an den Technologieberäich ze begeeschteren.

Kënschtlech Intelligenz mat mënschlechem Gespier

Den FNR Award for Outstanding PhD Thesis geet un de Florian Felten  vun der Universitéit Lëtzebuerg an der ETH Zürich.

De Florian Felten huet a senger Dissertatioun nei Weeër opgemaach, wéi KI-Systemer mënschlech Wäerter a Präferenze besser verstoen, an tëschent verschiddenen Ziler, wéi Käschten, Zäit, Ëmwelt oder Sécherheet, ausgläiche kënnen. Mat Methoden aus dem Multi-Objective Reinforcement Learning huet hien eng Approche entwéckelt, déi Kënschtlech Intelligenz méi realistesch, zouverlässeg a mënschlech mécht.

Wéi eist Gehier d'Sprooch versteet

E weideren FNR Award for Outstanding PhD Thesis geet un d'Jill Kries vun der KU Leuven an der Stanford University.

D’Fuerscherin Jill Kries huet Neurowëssenschaft a Linguistik kombinéiert, fir d'Geheimnisser hannert der Veraarbechtung vun der Sprooch am Gehier ze verstoen. Mat EEG-Analysen an Etüde mat Patientinnen a Patienten, déi un Aphasie leiden, konnt si weisen, wéi wichteg d’Prosodie, also d’Melodie an de Rhythmus vun der Sprooch, fir d’Verstoen ass. Hir Erkenntnisser kéinten zukünfteg eng zentral Roll an der Diagnostik an der Therapie vu Sproochstéierunge spillen.

Mat Integritéit an Empathie wärend Fuerschungsprojet begleeden

Den FNR Award for Outstanding Mentor ass fir de Prof. Christos Koulovatianos vun der Universitéit Lëtzebuerg.

De Prof. Christos Koulovatianos gëtt fir säi virbildleche Mentoring geéiert. Hie schafft mat héije wëssenschaftleche Standarden, kombinéiert mat Respekt, Vertrauen an engem oppene Geescht, esou d'Begrënnung fir de Präis. Seng Doktorande beschreiwen hien als inspiréierend Perséinlechkeet, déi se motivéiert, Feeler als Méiglechkeeten ze gesinn. Vill vun hinnen hunn duerch seng Ënnerstëtzung publizéiert, Finanzéierunge fir Projete kritt oder hir wëssenschaftlech Karriär weider entwéckelt.