Accident am Lokalen op eise Stroossen
Um Lampertsbierg ass géint 10 op 6 e Samschdeg de Moien e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn a gouf verwonnt.
Déi genee Ëmstänn sinn net bekannt. Kuerz viru 7 Auer gouf et ee weidere Blesséierten wéi op der Diddelenger Autobunn tëscht Léiweng an dem Betebuerger Kräiz zwee Autoen aneneen gerannt sinn.
An da sinn nach emol zwee Leit an der Nuecht op e Samschdeg géint eng Auer tëscht Alzeng an Haassel verwonnt ginn. Och hei waren zwee Autoen matenee kollidéiert.
D'Police mellt dann nach ee weideren Accident bei Weiler, e Samschdeg de Moie fréi, wou en Auto frontal an e Bam geknuppt ass. De Chauffer hat probéiert fortzelafen well en ze vill gedronk hat mä d'Beamten hunn e kuerz fonnt wéi en am Gruef louch