Police mellt fënnef Abréch a Wunnengen an Autoen
© AFP
Um Houwald an zu Munneref ass a Wunnengen agebrach ginn. Zu Mënsbech an zu Biergem goufen Autosfënsteren ageschloen, fir u Wäertgéigestänn ze kommen.
Am Laf vum spéiden Donneschdegnomëtteg ass an zwou Wunnenge vun engem Méifamilljenhaus um Houwald agebrach ginn. Onbekannt Täter hunn d'Raim duerchwullt an ënnert anerem Bijoue geklaut.
En Donneschdegowend war et zu Munneref an der Rue John Dolibois e weideren Abroch an een Eefamilljenhaus. Iwwert eng ageschloe Säitefënster konnten d'Täter sech Zougang verschafen an eng Auer a Boergeld matgoe loossen.
Ëm déi selwecht Zäit ass zu Mënsbech an der Rue Gabriel Lippmann a véier Autoen agebrach ginn. D'Täter hunn alkéires eng Fënster ageschloen a verschidde Wäertgéigestänn geklaut.
Méi spéit am Owend war et nach en änleche Fall zu Biergem an der Rue de l'École, wou onbekannt Täter un e Laptop an eng Posch komm sinn.