Et ass bei wäitem net dat éischt Joer, datt et där ze vill op der Musel gëtt, mä fir de Buergermeeschter ass kloer, datt se net all kënne bleiwen. D’Gemeng huet déi zoustänneg Verwaltungen an och den Ëmweltministère kontaktéiert an de Buergermeeschter pocht drop, datt ee fir déi Schengener Leit wëll do sinn, well “dat biologescht Gläichgewiicht ass net méi do.”
D’Wëllschwäi géifen extrem vill Schued maachen an am Contraire zu de Leit hätte si keng Angscht, ma kéimen den Zweebeener ëmmer méi no, esou de Buergermeeschter Michel Gloden: “Dat mierkt een och, wann ee mat de Leit schwätzt. Ganz vill Leit hu sech bei eis gemellt, fir eis matzedeelen, datt d’Schwäin och bis an d’Wunnquartiere kommen.”
Domadder awer net genuch. Et heescht, d’Kanner géife se och um Wee an d’Schoul begéinen, et géifen Autosaccidenter geschéien an de Wëllschwäi gefalen d’Baggerweieren, zielt de Ramon Hemmer vun der ASBL Erliefnis Baggerweier: “Dat heescht, d’Schwäin hu bei eis quasi komplett ronderëm gewullt, si hunn den Drot futti gemaach, fir eranzekommen. Mir hunn en extrem héije Schued, wat d’Erneierung vum Drot ugeet.”
Och an de Wéngerte fillen d’Wëllschwäi sech wuel an um elektreschen Drot stéiere se sech och net, esou de Wënzer a Jeeër Serge Klinker: “Dat hei ass elo e klenge Virgeschmaach. Et si Wéngerten, do ass et vill méi schlëmm. Dat ass geféierlech mat den Trakteren. Do sinn der schonn ëmgehäit ginn. Et mécht ee Maschinne futti, et geet een deen een Dag zoumaachen, zwee Deeg drop gesäit et erëm grad esou aus.”
D’Schwäi sinn iwweregens och net domm. Se wëssen zum Beispill, datt déi gutt Drauwen uewen hänken a klamme mat de Féiss op den Drot, fir do drunzekommen.
Wat vläicht witzeg kléngt, ass fir de Wënzer batteren Eescht, well ouni Drauwen, keng Suen. Fir verlueren Drauwe kéinten d’Wënzer e Schued ufroen, ma fir den opgewullte Buedem wier dat net de Fall.
D’Naturschutzgebitt wier eng ideal Maternité fir d’Schwäin: Well si keng natierlech Feinden hunn an net däerfe gejot ginn, kéinte si an aller Rou zweemol am Joer Klenger kréien.
Juegd op Wëllschwäin
D’Verbuet fir Wëllschwäin, déi um Dill sinn, wann et däischter ass, nuets ze schéissen, kéint vum nächste Joer un opgehuewe ginn an d’Gemeng huet gefrot, eng Klappjuegd z’organiséieren. Am Naturschutzgebitt Haff Réimech wier dat awer net esou ideal, heescht et vun der Naturverwaltung, dat wéinst dem ville Waasser an dem Schilf ronderëm. Eng Klappjuegd wier deemno keng Optioun, well esou de Liewensraum vun anere Planzen an Déiere kéint zertrampelt ginn.
Et géing net drëms goen, dass si gär op d’Wëllschwäi schéissen, betount de Michel Gloden. Mä fir d’Gemeng ass et e reelle Probleem, dee muss behuewe ginn, fir dass d’Wëllschwäin net weiderhin d’Iwwerhand behalen.