Ugeklote weist keng Empathie fir d’Affer
Den drëtten Dag am Prozess ëm de Mord vun enger 40 Joer aler Fra zu Dikrech stoung am Zeeche vun den Aussoe vum Ugekloten.
Et ass eng Reaktioun, déi ee bei Ugekloten a Prozesser dacks beobachte kann. Nämlech, dass et keng Reaktioun gëtt. All d’Indicë weisen den Ament drop hin, dass d’Fra vu 40 Joer duerch d’Hänn vum haut 51 Joer alen Ugekloten ëm d’Liewe komm ass, dono a Stécker geschnidde gouf, an um Schluss entsuergt gouf. “Wéi e Koup Dreck”, wéi den Enquêteur sot. Ma den Ugekloten hat keng Tréin fir den Doud vun där Fra, mat där hie soll esou frou gewiescht sinn.




















2021 hunn déi Zwee sech an de Soziale Medie kennegeléiert. Hätten direkt eng Affär gehat. Quasi bis zum Doud vum Affer. Den Ugekloten an d’Affer hu quasi all Dag telefonéiert a Messagen ausgetosch. De Mann aus Marokko huet hir Foto-Collage mat Häerzer geschéckt. "Du hues e Kierper, dee mech verréckt mécht. Ech si verréckt no dir" oder "Gudde Moie meng Séil", huet hien hir geschriwwen. Ma et goung och an eng aner Richtung: "Du hues vill Verehrer, ech gi jalous", "Ech kann net schlofen, ech si jalous", "Du gehéiers mir Schlampe". "Fir den Ugeklote war d’Bezéiung seriö. Hien huet geschriwwen, dass e verléift wier. Schéngt süchteg gewiescht ze sinn, no der sexueller Bezéiung mam Affer. Ma et schéngt, wéi wann d’Affer d’Bezéiung vun haut op muer wollt op en Enn bréngen", erkläert den Enquêteur. D’Affer wollt nämlech seng Zukunft mat engem aneren Mann opbauen.
Wou de Riichter den Ugekloten no sengen Emotioune vis-a-vis vum Doud vum Affer gefrot huet, huet dësen ni kloer op d’Fro geäntwert. "Am Ufank hat ech e bëssi Chagrin, mee dono hunn ech mer gesot, d’Affer oder den Neveu. Ech hu schlecht reagéiert", esou seng Äntwert. Generell ass den Ugekloten zimmlech wuertkarg bliwwen. "Hutt Dir d’Affer ëmbruecht?", huet de Riichter du riicht eraus gefrot. "Nee, ech hunn et net ëmbruecht, et war mäin Neveu", sou d’Äntwert. Deen Ament hätt hie virum Haus eng Zigarett gefëmmt. Et hätt e Sträit tëscht sengem Neveu an dem Affer, mat deem dësen eng Scheinehe sollt agoen, ginn. Wou den Ugekloten nees eragaangen ass, wier et scho geschitt gewiescht. Dono hätt hie sengem Neveu beim Zerstéckelen an Entsuerge vun der Läich gehollef.
Dem Ugeklote geléngt et net, weider Kloerheet an den Dossier ze bréngen. “Vun Ufank un huet hien net mat der Police kooperéiert”, seet den Enquêteur. Hien hätt de Verdacht ëmmer nees op aner Leit gelenkt. Op den Ex-Frënd vum Affer, op de Frënd an dono säin Neveu. Et war awer den Neveu, deen no senger Flucht a Marokko d’Police vun Dikrech wärend engem Appell op déi richteg Spuer bruecht huet. De Mann ass awer net am Prozess dobäi, well di marokkanesch Autoritéiten hien net ausliwweren.
"Fir eis ass ganz kloer, dass mat der Ausnam vun deenen Zwee keng aner Persoun un der Dot bedeelegt war", esou den Enquêteur vun der Police. Dat esouwuel bei der Zerstéckelung, wéi och bei der Entsuergung vun der Läich. “Wa mer d’Ëmstänn vu méi no betruechten, schéngt d’Motiv d’Jalousie vum Ugeklote gewiescht ze sinn, erkläert hien. Méi wéi d’Suen am Kader vun der Scheinehe”, erkläert hien. Den Dag vum Mord sollt nämlech den neie Frënd vum Affer op Besuch kommen.
Fir d’Sëtzunge war och de Fils vum Affer aus Portugal ugereest. Den Ament vum Mord hat hien 22 Joer. An der Suite vun de Faiten huet hien seng Aarbecht verluer a sech Doheem zréckgezunn. Wéinst Panikattacken huet hien e puer mol musse behandelt ginn. Hien ass Niewekläger am Prozess.
De Prozess gouf dann och ëm een Dag verlängert a geet nächste Freide virun. Da mam Requisitoire vum Parquet a mat der Plaidoirie vun der Defense.