Landepist no Tëschefall zou, Kritik un Hausaufgaben a Summerprogramm vum Atelier
© RTL Grafik
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Spektakulären Tëschefall um Findel
No der mëssgléckter Landung vun engem klenge Sportfliger war d’Start- a Landepist en Donneschdegowend fir e puer Stonne gespaart. Eng Rei Vollen hu missen ëmgeleet oder annuléiert ginn.
Arméiert Persoun beim CHEM?
E gréissere Policeasaz gouf et e Méindegmoie beim Escher Spidol. Dat nodeems d’Police gemellt krut, dass eng arméiert Persoun an d’Spidol wéilt andréngen. Dat konnt vun de Beamten op der Plaz awer net confirméiert ginn.
Spuerkeess kritt neie CEO
E Méindegmëtteg war et dann d’Nouvelle, dass d’Françoise Thoma als Generaldirektesch vun der Spuerkeess ophält. Si bleift awer um Posten, bis hir Successioun assuréiert ass. Op dëse Récktrëtt elo fräiwëlleg oder awer gezwonge war, déi Fro huet de Claude Arend a sengen Econews opgeworf.
Ze vill Hausaufgaben?
Verschidden Eltere beschwéiere sech den Ament iwwer de Pensum vun den Hausaufgaben an de Schoulen a froe sech, ob dësen aktuell nach zäitgeméiss ass. Déi vill Hausaufgabe géife fir Stress, Drock a Frustratioun suergen. Aus dem Ministère dogéint heescht et, datt et fir d'Hausaufgabe kloer Direktive gëtt.
"Systemsprenger" an der Schoul
E Kand, dat eng ganz Klass baussent a bannent dem Klassesall als Geisel hëlt an dofir suergt, datt ëmmer nees Policeasätz um Campus vun der spezifescher Schoul sinn. Dat krut RTL viru Kuerzem matgedeelt. D'Eltere vun de Matschüler géife sech ëm hir Kanner Suerge maachen.
Esouwuel d'Gemeng, déi scho probéiert huet, z'intervenéieren, wéi och de Ministère an de Parquet sinn iwwert dës Situatioun an d'Virfäll informéiert. Ma och wann hei eng Rei Saachen an d'Rulle komm sinn, géif dat dacks net séier genuch goen, heescht et esouwuel vun der Gemeng wéi vu verschiddenen Elteren. Eent war awer ville Gespréichspartner kloer: "D'Kand muss gehollef kréien".
M+S Pneuen sinn am Ausland verbueden
De Wanter kënnt ëmmer méi no an do ass et och grad fir d'Automobiliste wichteg, richteg virbereet ze sinn. Wärend Lëtzebuerg déi sougenannt All-Wieder-Pneue dat ganz Joer iwwer erlaabt, sinn dës an Däitschland am Wanter verbueden. A Frankräich dogéint muss een oppassen, a wéi engem Departement ee grad ënnerwee ass.
"Klengen" Ëmwee
E franséische Pensionär wollt u sech just bei säin Dokter fueren. Wéi hien ukomm ass war hien awer a Kroatien, ronn 1.500 Kilometer méi wäit. Antëscht war de 85 Joer ale Mann a senger Heemescht schonn als vermësst gemellt ginn. Wéi d'Leit vum Sauvetage hien dunn ugeruff hunn, huet hien eben erkläert, datt hien an engem Hotel a Kroatien wier.
Virum "Grousse Match"
Net all Dag spillt "Die Mannschaft" am Grand-Duché. Ma e Freideg den Owend ass et esou wäit, dann trieden eis Rout Léiwe géint déi däitsch Futtballnationalekipp un. Wärend et fir verschidde Rout Léiwen de Match vun der Karriär ka sinn, wëll een awer och probéieren, sech fir d'Aarbecht um Terrain ze belounen. Fir d'Gäscht ass eppes ganz kloer: Déi dräi Punkte mussen mat zeréck iwwer d'Grenz, fir an der Tabell d'Avance op Nordirland an d'Slowakei ze behalen. Virun esou enger grousser Partie ass awer eppes ganz wichteg: d'Preparatioun. Dat esouwuel vun de Spiller wéi och vun de Responsabelen an den Organisateuren.
Summerprogramm mat ganz groussen Nimm
Den Atelier huet säi Programm fir de Summer 2025 presentéiert. An do dauchen Nimm op wéi Moby, The Offspring, Gorillaz, Lenny Kravitz oder och Katy Perry op.