Meng Kandheet am Verglach zu der Welt vun haut
Haut um Weltkannerdag kucken ech op meng Kandheet zeréck – als mëttlerweil 18 Joer ale Jonken. Ech denken, dass ech wuel zu deene leschte Kanner gehéieren, déi nach keen Handy haten, éier si an de Lycée komm sinn. Aus menger Perspektiv, och wa meng Kandheet nach net esou laang hier ass, hu sech vill Saache geännert duerch de rasante Fortschrëtt an der Omnipresenz vun der Technologie. Dowéinst kommen, a mengen Aen, méi Kannerrechter a Gefor.
Mat der ganzer Technologie, déi eis hautdesdaags am Alldag stänneg begleet, stellen ech mir d’Fro, wéi eng Kandheet e Kand haut huet.
Wat waren deemools meng Suergen? Éierlech gesot hat ech der net vill, ausser déi typesch wéi: "Wéi laang däerf ech haut nach spillen?", "Vläicht däerf ech haut e bësse méi laang opbleiwen?" oder "O nee, haut muss ech nees an de Solfège…". Dobäi sinn ech mir awer och bewosst, wéi vill Chance ech hat mat mengen Elteren an och mat menge Grousselteren, déi mech an allem ënnerstëtzt hunn, soudass ech mir net misst em méi „relevant“ Saache Suerge maachen.
An trotzdeem sinn ech der Meenung, dass och mat deem selwechten Entourage meng Kandheet hautdesdaags anescht géif ausgesinn. Haut huet bal all Stot mindestens en Tablet doheem, fir d’Kanner ze ënnerhalen. Wann et deemools schlecht Wieder war, meng Mamm vill ze dinn hat an ech awer wibbeleg niewendru gestanen hätt, hätt si bestëmmt och heiansdo gesot: „Hei, ech ginn dir den Tablet, da kanns de däi Film weider kucken.“ Deen Ament hätt mech dat sécher gefreet – mee un deen Ament géif ech mech haut wuel net méi erënneren. Amplaz um Tablet ze sinn, hunn ech oft mat menger Mamm a menger Schwëster op verschidden Aart a Weise meng Kreativitéit ausgedréckt, wat mir erméiglecht huet, rauszefannen, dass mir handwierklech Saache gutt leien a mir schonn ëmmer gutt gedoen hunn. Mäi Recht op eng Fräizäit gefëllt mat Spiller, Kultur a Konscht (31. Kannerrecht) krut ech net geholl, mee ass gefërdert ginn.
Ech hunn deemools och bal all Dag mat mengen Noperen oder menger Schwëster gespillt – egal, ob dobaussen oder bei engem vun eis doheem. Et war eis egal, wou – Haaptsaach, mir haten eise Spaass. A grad un déi chaotesch a flott Momenter kann ech mech nach ganz gutt erënneren. Ech zweiwele ganz staark dodrun, dass den Tablet mir dëse mënschleche Kontakt vermëttelt hätt a mir esou dës sozial Kompetenzen hätt kënne bäibréngen.
Perséinlech fannen ech et erschreckend, dass ëmmer méi jonk Kanner eng Auer undoen, an där en Tracking-System integréiert ass. Ech verstinn, dass dat den Elteren e Gefill vu Sécherheet gëtt – mee geet domadder net och e Stéck Vertrauen tëscht Elteren a Kanner verluer?
Jo, vläicht geet e Kand mol net direkt no der Schoul heem, mee nach 20 Minutte bei e Frënd. Dat ass net richteg, wann et net virdrun esou ausgemaach gouf – dat steet fest. Mee vläicht hätt d’Kand dat owes selwer zouginn, éier d’Elteren iwwerhaapt rosen nogefrot hätten. A wat wier da geschitt? D’Kand hätt e Gefill vun Éierlechkeet entwéckelt, d’Eltere wiere wuel net méi esou rosen, mee éischter e bëssen houfreg op d’Reflexioun vun hirem Kand. Do kann een och elo soen, dass sou eng Auer ee positiven Aspekt huet am Sënn vum 11. Kannerrecht, dass d’Kand virun enger Entféierung geschützt ass. Jo, dat ass wouer, mee géing do wierklech sou eng Auer d’Kand retten? A geet dobäi net dat 16. Kannerrecht verluer: dass och d’Kanner ee Recht hunn op hir Privatsphär, an dass si entscheede kënnen, wéini se wat a weem wëllen erzielen. Vläicht huet de Frënd jo einfach nëmmen no Hëllef gefrot.
Dat selwecht Kannerrecht ass och an enger ganz anerer Hisiicht schnell mëssbraucht. Ee Beispill: D’Kand ass grad op der Welt an de Papp, ganz houfereg, post eng Foto vu sengem neigebuerene Kand op sengem Account. Dat ass jo alles ganz schéin, a vläicht ass säin Account jo mol net ëffentlech, an awer. Jiddereen huet déi Méiglechkeet ee Screenshot ze maachen, an alles, wat eng Kéier um Internet war, gëtt och ni méi definitiv gelëscht. De Problem dobäi ass, dass dat Kand net gefrot ginn ass an et spéider vläicht net appreciéiere wäert, wann et rausfënnt, dass Fotoe vun sech als Kand ville Leit bekannt sinn, well dat awer een Deel Privatsphär ass, wou dem Kand geholl ginn ass.
Niewent all deenen Nodeeler gesinn ech awer och ee grousse Virdeel am Fortschrëtt vun der Technologie, dee sech op d’Kannerrecht Nummer 17 bezitt: d’Recht op den Zougang zu Informatiounen. Egal, ob een aus aarmen oder räiche Verhältnisser kënnt, ob een sech ka vill oder wéineg Bicher leeschten, soubal een Zougrëff op den Internet huet, wat mëttlerweil quasi jiddereen huet, huet all eenzelt Kand déi nämmlecht Quantitéit un Informatioune virun sech leien. Dëst erméiglecht all Kand, ob aarm oder räich, sengen Interesse besser nozegoen a souguer säin Horizont ze vergréisseren. (Et ass mir scho kloer, dass net all Land senge Leit déi selwecht Fräiheete gëtt.)
Perséinlech sinn ech dankbar fir déi Kandheet, déi ech hat, an hoffen, dass vill Leit spéider sou kënnen op hir Kandheet zeréckblécken. Ech wollt mat menge Wierder net behaapten, dass d’Kandheet vun de Kanner hautdesdaags schlecht wier. All nei „Saach“ bréngt hir Erausfuerderunge mat sech. Et ass wichteg, sech mat de Geforen ausernanerzesetzen, soudass een se sou gutt wéi méiglech vermeide kann.