Eng ganz Rei Abréch an Autoen an Haiser krut d'Police e Mëttwochowend an an der Nuecht op en Donneschdeg gemellt.

E Mëttwochowend haten Abriecher an der Kräizgaass zu Housen d'Dier vun engem Haus opgebrach a banne Bijoue geklaut. Da gouf et nach e weideren Abroch am fréien Donneschdegmoien an der Rue Edmond Dune am Rollengergronn. Fir an d'Haus ze kommen, hunn d'Täter hei eng Fënster futtigeschloen.

Nieft Haiser hu sech Brigangen och nees un Autoen ze schafe gemaach. An der Nuecht op en Donneschdeg ass beispillsweis an der Rue Jean-Pierre Huberty an der Millebaach an en Auto agebrach ginn, woubäi zwee Rucksäck geklaut goufen.

An der selwechter Nuecht, géint 4.30 Auer, gouf d'Fënster vun engem Auto an der Rue de la Paix um Verluerekascht futtigeschloen. Och aus dësem Gefier gouf e Rucksak geklaut.

Souwuel bei den Abréch an d'Haiser, wéi och bei deenen an d'Gefierer si jeeweils Enquêtë lancéiert ginn. D'Police weist an deem Kontext nach eemol op hir preventiv Rotschléi hin, mat deenen ee sech virun Abriecher schütze kann.