D'Police huet eng Vermësstemeldung fir den Nehad Al Sharafi erausginn.

Den 52 Joer ale Mann gouf fir d'lescht den 12. November um 12.30 Auer mëttes gesinn. Deen Ament hat hien eng donkel Jackett, eng Jeansbox, e Berêt an e Sonnebrëll un.

Wien Informatiounen iwwert de Vermëssten huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Réiserbann ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 61 1000 oder via Mail u "police.reiserbann@police.etat.lu".