Acteure vu ronn 30 Stänn aus dem soziale Secteur ware vertrueden
Fënneft Editioun en Donneschdeg vun de Sozial-Assise vun der Stad Lëtzebuerg.
De ganzen Dag iwwer waren eng ganz Rei Acteuren aus dem soziale Secteur mat engen 30 Stänn am Centre Culturel zu Bouneweg vertrueden. Zil dovunner ass et, dass déi concernéiert Partner vun der Stad Lëtzebuerg sech kenneléieren an austauschen.
Fir déi sozial Problemer an der Haaptstad unzegoen, huet d’Stad Lëtzebuerg mat ronn 20 Associatiounen am Land Konventiounen. Dozou gehéieren zum Beispill "Interactions", "Hëllef um Terrain", d’"Stëmm vun der Strooss" oder den "Abrigado". Um Terrain missten déi eenzel Acteure vill matenee schaffen. Dofir wier deen Echange immens wichteg, esou d’Stater Sozialschäffe Corinne Cahen. "Dass se en Dag hunn, wou se sech och wierklech treffen, dass ee weess, wien een um Telefon huet zum Beispill. An dass een eben och gesäit, nach besser, wien wat mécht. Fir dass ee seng Clienten och besser orientéiere kann, wa vläicht een anere besser hëllefe kann."
[gallery)
Clientë ginn et der méi wéi genuch an d'Grënn, datt si sech un déi verschidden Associatiounen adresséieren, si ganz ënnerschiddlech. Vu Senioren, déi op Hëllef ugewise sinn, iwwer Suchtproblemer, bis bei Leit, déi keen Dag iwwer dem Kapp hunn. Fir de President a fréieren Direkter vun Interactions, de Roger Faber, ass a bleift eng vun den Haapterausfuerderunge fir de Secteur d’Wunnengsnout am Grand-Duché.
"Et sinn ze wéineg Wunnengen do. Ze wéineg abordabel Wunnengen och. An da jiddereen, dee mat Leit schafft, déi e bësse méi schlecht dru sinn, wou d’Paie net grouss ass, deen huet natierlech Problemer fir mat senge Clienten weiderzekommen an dat blockéiert natierlech och verschidde Servicer."
Schwéierpunkt bei dëser 5. Editioun vun den Assises sociales war d'Thema Finanzen a Sécherheet. De soziale Secteur bleift nämlech net verschount vun Bedruchsmaschen, wéi d'Caritas-Affär zejoert gewisen huet. Dozou de Christof Mann, vun der Direction Affaires Sociales bei der Stad Lëtzebuerg.
"Mir hantéiere mat grousse Budgeten hei. Dat sinn etlech zeg Milliounen déi hei all Joers un déi Träger gi ginn, fir datt si eis déi Prestatioune maachen. An da brauch just een dobäi ze sinn, deen et net gutt mengt, an da fale mer dorop eran. Mir wollten dat zum Ulass huelen, dat e bëssen ze hannerliichten vu verschiddene Perspektiven. Wéi kann ee sech schützen, respektiv wourop musse een oppassen?"
An deem Kontext hunn ënnert anerem Enquêteure vun der Police judiciare ee Virtrag iwwer Finanzkriminalitéit an Arnaquë gehalen. Zanter fënnef Joer organiséiert d'Stad Lëtzebuerg déi sougenannt Assises sociales fir d'Leit aus dem Sozialsecteur beieneen ze bréngen. Och zu Esch ginn esou Sozial-Assisen organiséiert.