Abréch zu Keel an Zéisseng, Auto um Sennengerbierg opgebrach
E Sonndeg hat d'Police et nees op e puer Plazen am Land mat Abriecher an Haiser an Autoen ze dinn.
An der Rue Kohlenberg zu Zéisseng waren onbekannt Täter nomëttes an en Appartement agebrach, wou si Boergeld an zwou Auere matgoe gelooss hunn.
Spéider am Nomëtteg gouf et en Abroch an der Rue Jean Laux zu Keel, wou eng Fënster vun engem Haus opgebrach an hei Bijoue geklaut goufen.
Am fréie Sonndegmoie war enger Policepatrull an der Tréierer Strooss um Sennengerbierg en Auto opgefall, deem seng Bäifuererdier opstoung. Et huet sech erausgestallt, datt och hei agebrach gouf an d'Gefier no Wäertgéigestänn duerchwullt ginn ass.
An allen dräi Fäll gouf eng Enquête lancéiert. Preventiv Rotschléi vun der Police, fir sech virun Abréch ze schützen, fannt Dir hei.